Radioen

On air

De Weekend  |  The Doobie Brothers - Losin' End

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "En Instrument fir Nichepolitik"

Recherche

"En Instrument fir Nichepolitik"

E klengt Land wéi Lëtzebuerg bräicht eng héichkaräteg Fuerschung, erkläert déi nei Presidentin vum Verwaltungsrot vum Fonds national de la recherche". Der Véronique Hoffeld no wäert de Budget vum FNR an de nächste Joren an d’Luucht goen.

auto_stories

2 min

D'Véronique Hoffeld ass Presidentin vum FNR-Verwaltungsrot

De Fonds national de la recherche gëtt fir d’nächst Joer mat ronn 64 Milliounen Euro dotéiert. Dat gesäit de Staatsbudget 2017 am Kader vum pluriannuelle Finanzement vum FNR vir. D’nächst Joer fänken d’Verhandlungen un, fir de neie Véier-Joresvertrag tëscht dem Staat an dem Fong op d'Been ze stellen. De Fong ass déi Institutioun, déi déi ëffentlech Gelder un déi verschidde Projeten an de Fuerschungsinstituter an op der Uni verdeelt. D’Presidentin vum FNR, d’Véronique Hoffeld rechent domadder, datt an d’Zukunft d’Finanzmëttel an d’Luucht gesat ginn. Domadder kéim Lëtzebuerg enger Recommandatioun vun der OECD no.

Aktuell géifen intern och d’Prioritéite beschwat ginn, no deenen d'Fuerschung vun 2018 u géif ausgeriicht ginn. Déi Secteuren déi sech scho bewäert hätten, wäerten der Presidentin vum Verwaltungsrot no och an Zukunft eng Prioritéit fir d’Fuerschung zu Lëtzebuerg bleiwen. Dat wieren zum Beispill den ICT-Secteur an d’Biomedezin.

Ëffentlech Fuerschung: Eng Lokomotiv fir de Privatsecteur

De Verwaltungsrot vum FNR ass virun allem zesummegesat vu Vertrieder aus der Privatwirtschaft. Dat wier eng Saach vun der Diversitéit, seet d’Véronique Hoffeld. Si fënnt, datt ee gutt géif zesummeschaffen.

D'Affekotin bei Loyens & Loeff betount, d’Fuerschung déi de géif FNR finanzéieren, soll ee wirtschaftlechen Output hunn, ënnert dem Virbehalt vun enger ganz héijer Qualitéit. "Als klengt Land kënne mir net alles maachen, dofir ass et eng Prioritéit fir renomméiert Fuerscher op Lëtzebuerg ze kréien."

De FNR ënnerstëtzt och Projeten déi privat an ëffentlech Acteuren zesumme maachen. "Ëffentlech Fuerschung ass eng Lokomotiv an zitt déi privat Fuerschung mat sech", esou d'Affekotin, déi op Wirtschafts-a Finanzrecht spazialiséiert ass. Fir d’Presidentin vum FNR géif dat awer net heeschen, datt ëffentlech Fuerschung en Zouliwwerer fir de Privatsecteur wier. Kommerzialiséierunge géifen duerno vertraglech tëscht béide Säite geregelt ginn. Hirer Meenung no kéint een net soen, datt d’Privatwirtschaft dovunner géif profitéieren - et wier éischter eng Kollaboratioun, an déi géif jidderengem ze gutt kommen.

D’Véronique Hoffeld war am Juli vun der Regierung genannt ginn, fir d’Successioun vum Yves Elsen un der Spëtzt vum Fonds national de la recherche z'iwwerhuelen. Hien ass zënter deem President vum Conseil de gouvernance vun der Uni Lëtzebuerg.