Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En marche pour Macron

Franséisch Presidentiellen

En marche pour Macron

Den Emmanuel Macron gëtt neie franséische Staatspresident: De liberale Kandidat vun der Beweegung En Marche krut dem Inneministère no am zweete Wahltour 66 Prozent vun de Stëmmen.

auto_stories

2 min

D'Marine Le Pen ass d'Verléierin vun dësem zweete Wahltour. D'Kandidatin vum rietsextreme Front National kënnt op 34 Prozent vun de Stëmmen.

Trotzdem krut déi 48 Joer al Politikerin ronn 16 Prozentpunkte méi Zoustëmmung wéi hire Papp Jean-Marie Le Pen, deen 2002 17,8 Prozent vun de Stëmme krut.

Héich Abstentioun

Ronn ee Véierel vun de 47 Millioune wahlberechtegte Fransousen hunn net gewielt. Fir t'éischte Kéier zënter 43 Joer hunn domat am zweete Wahltour bei Presidentiellë manner Leit gewielt wéi am éischten Tour. 11,5 Prozent vun de Wieler hunn en net valabele Stëmmziedel ofginn.

An dësem historeschen zweeten Tour vun de franséische Presidentewahle war kee Kandidat vun enger traditioneller Partei vertrueden. D'Kandidate vum Parti Socialiste a vu Les Républicains waren am éischten Tour eliminéiert ginn. En Deel vun hirer traditioneller Wielerschaft huet den Observateuren no am zweeten Tour refuséiert, wielen ze goen. Och vill Wieler vum Jean-Luc Mélenchon vun der Beweegung France Insoumise hu refuséiert, fir ee vun den zwee Kandidaten am zweeten Tour ze wielen.

Hei eng Aschätzung vum 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck am Moiespanorama vum Rick Mertens:

Jean-Claude Franck Presidentiellenplay_arrow

Reaktioun vum Premier Xavier Bettel um Sonndeg den Owend, am Gespréich mam Michel Delage:

Xavier Bettel Reaktiounplay_arrow