Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En neit a bessert Traitement fir Kanner

Kriibs bei Kanner

En neit a bessert Traitement fir Kanner

Bei der Fondatioun Kriibskrank Kanner komme pro Joer 30 bis 35 nei Fäll vu Kannerkriibs dobäi. D'Direktesch Anne Goeres bedauert, datt kaum nei Medikamenter fir Kanner mat Kriibs entwéckelt ginn. Verschidden Traitementer géifen aus de 50er Jore stamen.

auto_stories

2 min

D'Anne Goeres bedauert, datt et fir kriibskrank Kanner just al Medikamenter gëtt.

Ee Kand vun 300 gëtt viru sengem 20te Gebuertsdag mam Kriibs konfrontéiert. Am Allgemenge ginn et bei deene jonke Patienten eng 60 Forme vu Kriibs. Fir Erwuessener ginn et mëttlerweil ganz performant Therapien, am Fall vu Longen- oder Broschtkriibs zum Beispill, déi bei Kanner awer méi seelen optrieden.

Al Medikamenter, déi net effikass sinn

Aus Rentabilitéitsgrënn géif d'Pharmaindustrie virun allem déi Zorten Therapie entwéckelen, déi fir d'Behandlung vun Erwuessener agesat ginn. Dat wier e Problem, esou d'Anne Goeres Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner. Déi Kanner, déi behandelt ginn, géife gréisstendeels ganz al Medikamenter kréien. "Dat wier jo schéin a gutt, wann déi Medikamenter effikass wieren, a wa se net esou vill Schued géife maache beim Kand", seet si.

Bei der Fondatioun Kriibskrank Kanner hätt ee sech gefrot, firwat d'Medikamenter esou al wieren, a firwat d'Pharmaindustrie keng nei Medikamenter op de Maart bruecht hätt, obwuel een an de Medien iwwer nei an innovativ Kriibstherapien héieren hätt. "D'Pharmaindustrie geet dovunner aus, datt et net genuch Fäll ginn, an déi Fuerschung wier net rentabel", esou d'Conclusioun vum Anne Goeres.

En neit, méi effikasst Traitement

Am Fall vum Neuroblastom, enger heefeger Form vu Kriibs bei Kanner, iwwerlieft just d'Halschent vun de Patienten. D'Fondatioun ënnerstëtzt dowéinst ee Fuerschungsprojet vum Luxembourg Institute of Health. Hei géif et drëms goe fir en neit Traitement ze fanne fir d'Kanner besser a méi effikass ze traitéieren. Et géif ee probéieren d'Niewewierkungen erofzesetzen. Déi éischt Resultater vum Fuerschungsprojet, dee virun annerhallwem Joer ugefaangen huet, wiere "ganz interessant an hoffentlech fir Lëtzebuerg a fir ganz Europa asetzbar", esou d'Anne Goeres.

Bei engem weidere Fuerschungsprojet, deen d'Fondatioun Kriibskrank Kanner ënnerstëtzt, geet et ëm den Zesummenhang tëscht verschidde Substanzen ewéi d'Pestiziden an der Entwécklung vu Kriibs bei de Kanner, mee och bei den Erwuessener. Esou Etüde géifen engem hëllefe besser ze verstoen, wéi een Impakt Pestiziden op d'Gesondheet an op d'Entwécklung vum Kriibs hunn, seet d'Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner.

Iwwer de solidaresche Laf "Lëtz Go Gold" gi Sue fir d'Fuerschung iwwer Kannerkriibs gesammelt. Bis elo huet d'Fondatioun sou 72.000 Euro gesammelt. Dëse Laf ass eng éischte Kéier och zu Lëtzebuerg, de 29 September op der Kockelscheier.