Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Bonny Light Horseman - I Know You Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Den Avis vun de Professere froen"

Fräie Mikro

"Den Avis vun de Professere froen"

Nodeems den Héichschoulminister Marc Hansen dat neit Gesetz fir d’Uni Lëtzebuerg presentéiert hat, gouf an der Press vill iwwert d’Ännerungen an de Strukture vun der Uni diskutéiert. Am Gesetz sinn awer och nach aner interessant Neierunge virgesinn.

auto_stories

4 min

Michel Pauly

Ufank Abrëll huet den Héichschoul- a Fuerschungsminister Marc Hansen en neit Unisgesetz presentéiert. D’Uni huet scho laang dorop gewaart. Direkt nom Vote vum éischte Gesetz am Joer 2003 hat et vu Säite vun der deemoleger Ministerin Erna Hennicot-Schoepges geheescht, datt d'Gesetz duerch praktesch Erfahrunge schonn an der nächster Legislaturperiod géing iwwerschafft ginn. An der Praxis hu sech effektiv ganz geschwënn eng Rei Problemer erginn, déi wéinst de Feeler am Gesetz net ze léise waren.

E Verwaltungsrot wéi an enger kommerzieller Gesellschaft

Et ass nozevollzéien, wisou elo haaptsächlech iwwert d’Ännerungen an de Strukturen diskutéiert gëtt. Et geet dobäi haaptsächlech ëm de Conseil de gouvernance, eng Zort Verwaltungsrot wéi an enger kommerzieller Gesellschaft. Dëse kann an Zukunft de Rekter, sou wéi en Direkter ernennen an entloossen, wann deen d’Firma net esou féiert, wéi de Verwaltungsrot et gär hätt. Esou en Organ gëtt et op de klasseschen Universitéiten am Ausland iwwerhaapt net, well eng Uni traditionell autonom ass a net vun Aussestehenden aus der Wirtschaft oder vun aneren Universitéite kontrolléiert gëtt. Am neie Gesetz soll seng Roll nach weider verstäerkt ginn. Dem Rektorat an alle Mataarbechter hir Funktioune sollen entspriechend geschwächt ginn. Dat ass net am Interessi vun der Autonomie a vun der wëssenschaftlecher Fräiheet.

Amëschung vun der Regierung

Op der Uni gouf och haart gelaacht, wéi de Minister op der Antenn vum radio 100,7 behaapt huet, e géif sech weder an di finanziell Autonomie nach an di wëssenschaftlech Fräiheet vun der Uni amëschen. Wat ass dat dann anescht, wann d'Regierung Deeler vun hirer Dotatioun fir d’Uni u ganz bestëmmten Zwecker bënnt an domat Fuerschungsprioritéite setzt? Wat ass et anescht, wann de Minister engem Direkter vun engem Centre interdisciplinaire virschreift, wien en däerf oder net däerf fir deen Zenter rekrutéieren? Schliisslech kann de Commissaire de gouvernement all Decisioun vun Uni-Organer annuléiere loossen.

Positiv Ännerungen am neien Unisgesetz

Am Gesetz sinn awer och eng Rei ganz positiv Neierunge virgesinn: D’Studente kréien eng eegen Delegatioun mat engem eegene Budget. De Conseil universitaire, an deem Professeren, de Mëttelbau, Studente an dat administratiivt Personal vertrueden sinn, kritt d’Recht säi President selwer ze wielen. D’Rektorat huet nach just e consultative Status, well d'Aufgab vum Conseil ass et, d’Rektorat ze beroden. Dat hat d’Proffenassociatioun scho beim Minister Biltgen sengem Projet de loi duerchgesat. Si hat allerdéngs och gefrot, datt wann et Meenungsdifferenzen tëscht Conseil universitaire a Conseil de gouvernance gëtt, da misst eng Mediatioun organiséiert ginn. Op der Pressekonferenz Ufank Abrëll iwwert dat neit Unisgesetz huet de Minister Hansen dee Virschlag awer wäit vu sech gewisen.

An der Praxis wäerten aner Ännerungen vu grousser Bedeitung sinn. Sou soll endlech all Professer d'Recht op e Fuerschungsfräisemester hunn. Dat ass zwar nëmmen all siwe Joer de Fall, also vill méi seele wéi op auslänneschen Unien, mä ëmmerhin ass et keen exklusiivt Recht méi vun de "professeurs ordinaires". All Professere mussen och an Zukunft op d’mannst ee Cours pro Semester op Bachelor- oder Master-Niveau ginn. Dat war an deenen zwee eelste Centre interdisciplinaires net de Fall, sou dass den Enseignement wéineg vun der Fuerschung an der Biomedecine an an der Computersëcherheet profitéiert huet.

D'Studente mat engem Handicap kënnen duerch dat beit Gesetz och besonnesch Bedingunge bei Prüfungen accordéiert kréien, z. B. wann se blann sinn oder méi Zäit brauchen.

Frist vum Doktorat gëtt an d'Lut gesat

Fir d’Studente ganz wichteg ass, datt am neie Gesetz d’Frist fir en Doktorat ofzeschléissen, vun dräi op véier Joer eropgesat gëtt. D'Soutenance soll dann an de véier Méint dono ofgehale ginn. Bis elo huet se missen bannent dräi Joer sinn. No deem Prinzip hätt eng Dokteraarbecht also an 30 Méint geschriwwe ginn. Dës Frist konnt an der Praxis bal ni agehale ginn. D'Studente waren also gezwongen eng Verlängerung unzefroen. Wéi elo schonn an der Belsch de Fall ass, schéngen am neie Gesetz och keng Mentioune fir d’Leeschtung vum Doktorant ze bewäerten méi virgesinn ze sinn.

Villäicht freet d’Chamber jo och emol den Avis vun de Proffen iwwert dat neit Gesetz, well bis elo si si vum aktuelle Minister net ëm hir Meenung zu de noutwennegen Ännerunge consultéiert ginn.