Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ungarn: Déck Loft wéinst neiem Unisgesetz

Europäesch Unioun

Ungarn: Déck Loft wéinst neiem Unisgesetz

En neit Unisgesetz an Ungarn suergt fir Opreegung an der Europäescher Union. Vill Leit sinn der Meenung, datt et sech speziell géint d'Central European University zu Budapest riicht, déi vum amerikanesche Milliardär George Soros gegrënnt gouf. Den ungaresche Premier Viktor Orban ass kee Frënd vum Soros. Säin neit Gesetz awer kéint d'Faass bei de Kollegen a senger europäescher Parteifamill, der EVP, zum Iwwerlafe bréngen.

auto_stories

4 min

"Mir wëllen a Rou gelooss ginn", sot de Rektor vun der Central European University (CEU), Michael Ignatieff, dës Woch zu Bréissel. Déi amerikanesch-ungaresch Uni zu Budapest géif elo schonns 25 Joer gutt funktionéieren. Elo wéilt hei nees esou séier wéi méiglech dat maachen, wat een op enger Uni mécht – nämlech enseignéieren.

Neit Gesetz: Eng geziilt Attack?

Am Wee steet awer elo ee Gesetz, dat ënner anerem verlaangt, dat eng auslännesch Uni, déi an Ungarn ee Sëtz huet, och ee Campus an hirem Heemechtsland muss hunn.

D’Gesetz hätt speziell d'Central European University am Viséier, esou déi allgemeng Meenung zu Bréissel, déi och vu Parteifrënn vum ungaresche Premier Viktor Orban gedeelt gëtt. Zum Beispill de Manfred Weber, Chef vun der Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei, bei där och dem Viktor Orban seng Partei Member ass.

De Manfred Weber betount: Zanter 25 Joer hätten ungaresch Studenten op der Central European University zu Budapest d’Méiglechkeet, een ungareschen an een amerikaneschen Diplom ze kréien. Dat wier e grousse Virdeel. “Mir verstinn net, fir wat d’Studenten dëse Virdeel elo sollen ewech geholl kréien”, esou d’Kritik vun der Europäescher Vollekspartei.

De Viktor Orban seet awer: An Ungarn missten déiselwecht Regele fir all Uni gëllen, also och déi Regel, dat ee just eng Zorte vun Diplomer erausgëtt.

“Orban spillt mat Fakten”

Dat wier nëmmen ee Virwand, ee Spill mat Fakte vum Viktor Orban, mengt de CEU Direkter Michael Ignatieff. Et géif net stëmmen, dass d'Central European University aneren ungareschen Unien onfair Konkurrenz mécht, esou wéi de Viktor Orban et behaapt. “Mir hunn excellent Relatioune mat den aneren Unien an Ungarn, a si hu kee Problem domatter, dass mir och amerikanesch Diplomer erausginn”.

Och fir d'Europadeputéiert vun der däitscher CDU, Sabine Verheyen, gëtt et kee Grond, no 25 Joer d’Regel fir d’Diplomer ze änneren. Dat wier “dee gréisste Blödsinn vun allen Zäite”, seet si. An Däitschland géif et och Beispill international Schoulen an an Unie mat duebelen Diplomer. Dat wier eng Beräicherung, esou d’CDU Politikerin.

Déi ungaresch Oppositioun ass och net mam neie Gesetz d’Accord. Den Europadeputéierten Tibor Szanyi vun der ungarescher sozialistescher Partei ass formell: Dat nei Unisgesetz wier exklusiv géint d'Central European University zu Budapest geriicht. An d’Regierung vum Viktor Orban géif den George Soros fir all Problemer responsabel maachen.

Kommissioun: Gesetz net konform zu EU Regelen

D’Meenung vun der EU-Kommissioun: Dat neit Unisgesetz wier net konform mam Grondsaz vum Marché unique, fir sech fräi néierloossen ze kënnen; a géif och géint déi akademesch Fräiheet an d’Recht op Bildung verstoussen. Dowéinst huet d’EU Kommissioun elo eng Prozedur lancéiert.

Den ungaresche President weist all déi Reprochë vu sech. Dem Viktor Orban no, géif et der EU Kommissioun hei em eppes anescht goen.

“De richtege Sujet hei sinn d’Flüchtlingen”, sot hien e Mëttwoch zu Bréissel. Dat wier de Grond, firwat et esou eng staark Oppositioun géif ginn, vun der Kommissioun, vun der Majoritéit vum Parlament a vum George Soros a sengem “NGO-Imperium”, esou den ungaresche Premier.

“Orban huet näischt bei der EVP verluer”

Am EU Parlament gëtt de Viktor ORban vill wéinst senger EU-feindlecher Politik kritiséiert. Zum Beispill wéinst engem Questionnaire, deen un all d’Stéit goung, a wou d’Leit ënner anerem gefrot ginn, ob se d‘accord wieren, datt Bréissel hinnen “illegal Migrante” schéckt.

Esou een hätt näischt méi an der EVP verluer, seet de Frank Engel, Lëtzebuerger CSV Europadeputéierten: “Wann all deen Afloss vu baussen esou schlecht ass, firwat akzeptéiert dir dann déi fënnef Milliarden Euro EU-Suen, déi Ungarn vun der EU krut?”, huet de Frank Engel de Viktor Orban gefrot.

Anerer stellen sech awer wieder hannert den ungaresche Premier. Wéi den EVP Fraktiounschef Manfred Weber am EU Parlament sot: Wann een dem Viktor Orban säi Bilan kuckt, wat hie fir Ungarn, a fir d’EU gemaach huet, dann dierft een den ungaresche Premier net zum “Schreckgespenst vun Europa” maachen.

Reportage vum Danièle Weberplay_arrow