Radioen

On air

De Moien  |  Bullion - World_train (feat. Charlotte Adigéry)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En Olympiastëtzpunkt fir Lëtzebuerg

COSL

En Olympiastëtzpunkt fir Lëtzebuerg

Bis de Summer wëllt den COSL eng nei Struktur schafen, fir Lëtzebuerger Héichleeschtungssportler z'ënnerstëtzen. De "Luxembourg Institute for High Performance in Sports" (LIHPS) soll fir nach méi e performant Ëmfeld fir d'Sportler suergen, seet den COSL-President André Hoffmann.

auto_stories

2 min

André Hoffmann (Foto: Archiv)

Op internationalen Evenementer géif den André Hoffmann ëmmer nees feststellen, datt Lëtzebuerg bei sengem Support fir Spëtzesportler hannendra wier. Den Ament wier de Lëtzebuerger Olympesche Comité am Gespréich mam Ministère, deen de Projet géing matdroen, fir de Kader fir eng nei Struktur ze schafen. Nach bis de Summer soll de "Luxembourg Institute for High Performance in Sports" funktionéieren.

Déi nei Zerwisser wëllt den Nationalen Olympesche Comité zum Deel selwer ubidden. Donieft wéilt een awer och mat aneren Institutiounen zesummeschaffen. Konkret geséich een do dräi Pilieren, sou den André Hoffmann.

Op medezineschem Plang wier dat d'Departement fir Olympia-Medezin am Spidol zu Eech. Déi nei Lunex Universitéit soll dee sportwëssenschaftleche Volet couvréieren. D'Coque als drëtte Collaborateur wier am gaangen, e Projet ze realiséieren, fir den Héichleeschtungssport ze fërderen. Op engem neie Site, deen awer eréischt 2018 soll gebaut ginn, soll besonnesch de Beräich vun der Muskulatioun ausgebaut ginn. Bis dës nei Struktur fäerdeg ass, kéinten d'Spëtzesportler awer nach vun den alen Installatioune profitéieren.

Verwaltungsrot confirméiert

Wéi all kéiers am Joer no den Olympesche Spiller waren um Kongress vum COSL och d'Wahle fir de Verwaltungsrot. D'Equipe ronderëm de President André Hoffmann huet als eenzeg kandidéiert a gouf mat 98,4 Prozent erëmgewielt. Zwee nei Gesiichter si mat derbäi. De Ralf Lentz an de Lynn Spielmann ersetzen de Jean-Louis Margue an d'Rita Krombach. Si ginn iwwerdeems Éieremember vum COSL.

Um Kongress war och de Velodrome nees en Thema, dee schonn zanter Joren an der Diskussioun ass. De Sportsministère hätt an deem Kader confirméiert, datt dëse Projet an der Ausaarbechtung wier, sou den André Hoffmann. De Velodrome sollt deemno an d'Konzept vum Munnerefer Lycée integréiert ginn. Ee konkreten Zäitplang géif et op dësem Punkt awer nach keen.