Radioen

On air

Espresso Beats  |  Sinkane - Everything Is Everything Feat. Tru Osborne

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Victoire fir ëffentlech-rechtlech Medien

Auslandschronik

Victoire fir ëffentlech-rechtlech Medien

Déi ëffentlech-rechtlech Tëlee- a Radiochâinen an der Schwäiz ginn och weiderhin aus ëffentlecher Hand finanzéiert. Bei engem Referendum stoung zur Debatt, ob déi sougenannte Rundfunkgebühre sollten ofgeschaaft ginn. Ronn 70 Prozent vun de Wieler hu géint d'Propos gestëmmt. Domat hunn d'Schwäizer e geféierleche Präzedenzfall verhënnert.

auto_stories

3 min

Matthias Kirsch

All Bierger sollt sëlwer decidéiere kënnen, wéi eng Medien en notzt a fir wéi eng e bezilt. Donieft wier d'Offer vun den ëffentlech-rechtlechen Tëlee- a Radiochaînen an der Schwäiz ze deier, et kéint een also gutt dorop verzichten. Dat war d'Argumentatioun vun enger Initiativ, déi d'Contributioune vun de Bierger wollt ofschafen.

D'Propos vun där Initiativ krut beim Referendum gëschter keng Majoritéit. Iwwert 70 Prozent vun de Schwäizer hu sech dogéint ausgeschwat. Dat ass och gutt esou. Et hätt e Präzedenzfall geschaaft.

Ëmmer méi Géigewier

Ëffentlech-rechtlech Chaîne si par definition ofhängeg vu staatlecher Finanzéierung. De Staat hëlt sech d'Suen, fir dee Service ze bezuelen, iwwert Stéieren oder, wéi an der Schwäiz an an Däitschland, iwwert Zwangsgebühren. Well natierlech net jiddereen déi ëffentlech-rechtlech Medien d'selwecht vill, oder iwwerhaapt notzt, gëtt et praktesch iwwerall Leit, déi sech doriwwer beschwéieren.

An d'Géigewier géint déi Gebühre gëtt a ville Länner méi staark. Op der enger Säit hunn déi ëffentlech-rechtlech de Problem, datt hire Public zimlech al ass. Vill, besonnesch méi jonk Leit, kucke keng Televisioun méi, si streamen iwwert Netflix oder ähnlech Servicer. Beim Radio ass et net anescht, Spotify, Apple Music a Co gewanne Joer fir Joer enorm Undeeler vum Marché dobäi. D'ëffentlech-rechtlech Offer ass net méi de Non-Plus-Ultra.

Virun allem kënnt d'Kritik un ëffentlech-rechtleche Medien net just vu Leit, déi sech all Mount e puer Euro wëlle spueren. Si kënnt och vu Leit, déi un der Onofhängegkeet vum Journalismus wëlle rëselen, déi déi staatlech Finanzéierung ka garantéieren. Beispill Éisträich: Do attackéiere Politiker vun der Regierungspartei FPÖ reegelméisseg Journalisten, souguer de Vize-Kanzler Heinz-Christian Strache huet an de sozialen Netzwierker Stëmmung géint den ëffentlech-rechtlechen ORF gemaacht. Hätten d'Schwäizer fir eng Ofschafung vum Finanzéierungsmodell gestëmmt, hätt sech d'Géigebeweegung an anere Länner sécherlech encouragéiert gefillt.

Garant fir Onofhängegkeet

Staatlech finanzéiert Tëlee- a Radiochaînen hu vis-à-vis vu private Medien awer genee dee Virdeel, datt se net vu Reklamm, vun eenzelen Persounen oder engem Konzern ofhängeg sinn. Dat soll net heeschen, datt all privat Zeitung oder Chaîne keng gutt journalistesch Aarbecht mécht - et gëtt vill gutt Beispiller, mä ebe besonnesch am Printberäich. Besonnesch Televisioun ass an der Produktioun esou deier, datt Chaîne guer net dru laanscht kommen, fir hir Séil un d'Werbeindustrie ze verkafen.

Dowéinst sinn déi ëffentlech-rechtlech Medien essentiell fir eng Demokratie. De Message, datt d'Offer ville Leit haut net méi gefält, muss natierlech och bei den Ëffentlech-Rechtlechen ukommen. Déi staatlech Medien mussen hir Offer veränneren, méi e jonke Public uschwätzen, méi effizient a manner schwéierfälleg d'Transitiounen an den Internet an déi digital Welt hikréien.

D'Mënsche sinn ëmmer manner bereet fir gudde Journalismus ze bezuelen, a vill Medie wäerten et op laang Dauer schwéier hunn z'iwwerliewen. Ëffentlech-rechtlech Televisioun a Radio kann eng Bastioun vum Journalismus, vun der Kontroll vu Politik a Wirtschaft sinn. Déi ëffentlech-rechtlech Medien, déi eng gutt Aarbecht maachen, ginn och belount. Vun engem journalistesche Point de vue maachen déi däitsch ARD an ZDF villes richteg. An a kengem anere Land op der Welt hunn d'Leit esou vill Vertrauen an déi traditionell Medien wéi an Däitschland.