Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Marina Allen - Red Cloud

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En "zolitt gudde" Verhandlungstext

Claude Turmes iwwer COP21

En "zolitt gudde" Verhandlungstext

Een Dag virum méiglechen Ofschloss vun der Weltklimakonferenz weist sech de gréngen Europadeputéierte Claude Turmes optimistesch. No der leschter Verhandlungsnuecht zu Paräis wier een elo méi no beim Zil vun enger maximaler Äerderwäermung vun 1,5 Grad Celsius. Virun der Konferenz war een nach vun zwee Grad ausgaang.

auto_stories

4 min

Claude Turmes

Aus Siicht vun der Europäescher Unioun wier de Verhandlungstext besser ginn. De Claude Turmes huet d'Virlag am 100,7-Interview op dësem Freideg de Moien als "zolitt gutt" bezeechent. Vun engem Echec vun der COP21 geet de grénge Politiker éischter net aus. Senger Meenung no wier "genuch Drock am Dëppe" fir en Accord. Am anere Fall géif wuel d'Fro opkommen, ob esou grouss Konferenzen eppes bréngen.

Ee Sträitpunkt bei de Paräiser Verhandlunge wier de finanzielle Volet. Vun 2020 u solle wéinstens 100 Milliarden Dollar bereet stoe fir Entwécklungslänner, déi sech dem Klimawandel mussen upassen. Dobäi misste Schwellelänner méi maachen, sou den Europadeputéierten Turmes. "Et kann net sinn, datt China, Brasilien, Russland oder Saudi Arabien ëmmer nach an der Kategorie drëtt Divisioun lafen".

Dës Länner wéilten ëmmer nach als Entwécklungslänner ziele fir net mussen hire finanzielle Bäitrag ze leeschten. De Claude Turmes schwätzt vun engem "Schachspill", bei deem EU a China géife versiche fir wierklech aarm Länner op hir Säit ze zéien. Déi afrikanesch Länner géife soen, datt d'EU méi fir si mécht.

Méi no bei 1,5 wéi bei 2 Grad Celsius

Ënnert dem Drock vu Länner wéi Bangladesch an enger Rei Inselstaate wier een elo méi no bei engem Zil vun enger op 1,5 Grad limitéierter Äerderwäermung. D'Ambitioun am Virfeld vun der Klimakonferenz waren zwee Grad. Déi eenzel national Ziler zesummegerechent géifen awer dräi Grad erauskommen. Fir de Claude Turmes bleift deemno nach onkloer, wéi bannent den nächsten zwee bis dräi Joer déi geplangten 1,5 Grad erreecht ginn, déi vun 2021 solle gëllen.

Jidderee misst sech deemno nach ëmstellen, och d'EU. D'CO2-Emissioune bis 2030 ëm 40 Prozent reduzéieren, wéi bis elo virgesinn, geet, dem Claude Turmes no, net duer. D'Käschte fir erneierbar Energië wiere gefall, energie-effizient Technologië stéingen zur Verfügung, et wier deemno nach méi dran. Ëm bis zu 50 Prozent kéint d'EU hir CO2-Ausstéiss an de nächste 15 Joer erofsetzen.

Lëtzebuerg misst sech elo upassen, mat Pole géif et Sträit ginn

Och Lëtzebuerg wier gefuerdert, zum Beispill d'Finanzplaz. "Bänker musse sech elo méi fir de Klimadetail interesséieren", seet de gréngen EU-Politiker. A fossil Energien investéiere géif sech net méi lounen, d'Zukunft léich bei erneierbaren Energien an Energie-Effizienz. Iwwert den Tanktourismus kéim elo eng Diskussioun op. Wéinst der Verallgemengerung vun Elektroautoen hätt dee Modell keng Zukunft méi, och wann de Staatsbudget ëmmer nach vun deene Recetten ofhänke géif.

"Mat Pole kréie mer elo e Risesträit", warnt de Claude Turmes. Den osteuropäeschen EU-Memberstat produzéiert säin Elektresch gréisstendeels iwwert d'Verbrennung vu Kuel. Des weideren hätt een et elo mat enger neier Regierung ze dinn, der rietsnationaler PiS vum Lech Kaczinsky: "dat ass éischter 'Tea Party', dat si wierklech haart Borschten" mat deenen een och misst haart verhandelen. Mee Pole wier kee monolitesche Block, mengt de gréngen EU-Deputéierten. Och do géife sech verschidde Stied fir Wandenergie interesséieren.

An da wier de Stroumpräis a Pole méi héich wéi an Däitschland. Dat géif zu Spannunge féieren tëschent der polnescher Industrie an der Kuelelobby. Et misst ee "probéieren déi Differenze bannent Polen ze notze fir déi ganz schlecht, ganz schwaarz Politik net zouzeloossen an der Europäescher Unioun", sou de Claude Turmes.

Lauschtert de gréngen EU-Parlamentarier Claude Turmes am Gespréich mam Pia Oppel: