Radioen

On air

Notturno  |  Ziad Rahbani - Mays'elrim

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng akut Gefor

Waasserverschmotzung ronderëm Gaza

Eng akut Gefor

Den No-Ost-Konflikt dominéiert ëmmer erëm déi international Aktualitéit. Nieft de politesche Spannungen huet d'Regioun awer och Problemer mam Ëmwelt- a virun allem dem Waasserschutz. An déi kéinten och dramatesch Konsequenzen hunn.

auto_stories

3 min

Wann een zu Zikim, der südlechster israelescher Plage steet, iwwerkënnt een e komescht Gefill. An dat, ouni ze wëssen, datt de Gazasträif nëmmen zwee Kilometer wäit fort ass, e komescht Gefill. Eleng d'Zuel vun den Zaldoten, déi dohinner gären no hirem Feierowend een drénke kommen, passt net onbedéngt an e Bild vun enger Plage.

Dobäi kënnt e risegt Kraaftwierk, wat direkt nërdlech op der Plage gebaut ass a mat enger Entsalzungsanlag verbonnen ass, déi puer kilometerwäit an d'Mier reecht. Wann een da südlech kuckt, gesäit een e Ronn 30 Meter héije Militärtuerm, deen engem dann déi leschte Freed op d'Plage an d'Waasser hëlt. Vläicht ass dat och besser.

Eng staark Verschmotzung

D'Mierwaasser ass op dëser Plaz nämlech extrem staark verschmotzt. De Grond? De Gazasträif huet ëmgerechent zwou Milliounen Awunner, dat op engem Territoire, deen engem Siwentel vu Lëtzebuerg entsprécht.

Well d'Grenzen hermetesch zou sinn, schwätzt een och dacks vum gréisste Prisong weltwäit. Zwou Milliounen Awunner op klengem Territoire bedeit net nëmmen e Manktem un Plaz, mee och datt d'Natur enger enormer Belaaschtung ausgesat ass. Ëmsou méi, well et den Ament keng funktionéierend Kläranlag gëtt. Schold doru sinn déi israelesch Attacken, souwéi dem Hamas seng Prioritéit all Su an d'Resistenz amplaz an d'ëffentlech Infrastruktur ze investéieren.

De Grenziwwergang zu Eretz. D'Israelesch Arméi huet provisoresch Réier verluecht fir d'Ofwaasser aus dem Gaza deelweis ze evakuéieren.

D'Resultat ass, datt dat ganzt Ofwaasser an d'Mier fléisst, ouni virdru propper gemaach ze ginn. D'Mass un Ofwaasser, wat sou all Dag an d'Mier fléisst, gëtt vun Ecopeace Middle East op ronn 100 Millioune Liter geschat. EcoPeace Middle East ass eng ONG, déi vun der EU ënnerstëtzt gëtt an déi d'Zesummenaarbecht tëschent deenen eenzelen Acteuren am Domaine vum Ëmweltschutz als Friddensgarant an der Regioun gesäit. Den Direkter vun dëser Ëmweltorganisatioun Gidon Bromberg behaapt, datt dat knaschtegt Waasser wäitaus méi geféierlech fir den israelesche Staat ass wéi d'Rakéiten oder soss iergendwellech Attacke vun der Hamas.

Geféierlech Plagen

Mee: dëst Ofwaasser verschmotzt net nëmmen d'Mier an domat d'Fëschreserven. Tester vun EcoPeace hunn op israelesche Plagen och schiedlech e-coli Bakterië fonnt. De risege Küstenaquifier, deen d'Grondwaasser leet, dee sech vun nërdlech vun Tel Aviv bis hanner déi ägyptesch Grenz ausbreet, riskéiert kontaminéiert ze ginn. Dësen ass momentan déi eenzeg direkt Quell vu frëschem Drénkwaasser am Gazasträif.

Wéi akut d'Situatioun ass, beweist den Doud vun engem fënnef Joer alem Bouf, dee beim Spillen am Mier e Virus opgeraf huet, deen him bannen zéng Deeg d'Liewe geholl huet. EcoPeace proposéiert dowéinst, datt Israel eng modern, funktionéierend Kläranlag am Gazasträif am eegenen an am humanitären Interessi baut. Déi israelesch Communautéiten an den Dierfer a Kibbutzen um Mier hunn och eng schrëftlech Demande beim israeleschen Staat gemaach. Dëst riskéiert allerdéngs un de politesche Spannungen an der Regioun ze scheiteren.