De Conseil de la Concurrence soll nieft Präisofsproochen och verhënneren, datt grouss Firmen hir Muecht um Marché mëssbrauchen. Am Fall vum rezenten Zeienopruff, geet et ëm grouss Internetplattforme wéi Amazon, déi en duebele Geschäftsmodell hätten, erkläert de Jean-Claude Weidert vum Conseil de la Concurrence. Op där enger Säit géife si selwer Produite verkafen, an op der anerer Säit géife si hir Plattform onofhängegen Händler zur Verfügung stellen, fir datt si hir Produiten och kënne verkafen.
Och an anere Länner gëtt enquêtéiert
Händler, déi sech un de Conseil de la Concurrence adresséiert hunn, soten hire Benotzerkonto wier vun Amazon gespaart ginn. Dat nodeems si sech an engem Sträit mat der Plattform net eens gi sinn.
Och an Däitschland an an Éisträich ermëttelen d'Konkurrenzautoritéite géingt Amazon. Och hei geet et ëm ganz ähnlech Virwërf. Fir Lëtzebuerg wéisst ee bis elo awer nëmme vun eenzele Fäll, seet de Jean-Claude Weidert. Ob dat e "generelle Comportement" ass, wier net bekannt.
Betraffen Händler solle sech mellen
De Jean-Claude Weidert betount, datt de Conseil de la Concurrence un Hiweiser vu betraffenen Händler interesséiert ass, egal op wéi enger Internetplattform si hir Produiten ugebueden hunn. Am Fall vun Amazon ass d'Situatioun vun der Lëtzebuerger Konkurrenzautoritéit eng speziell: Amazon huet säin europäeschen Haaptsëtz hei am Land. Doduerch ass de Conseil de la Concurrence och fir net-Lëtzebuerger Firmen zoustänneg, déi sech vun Amazon ongerecht behandelt fillen.
Och wann net vill Commercen op den Zeienopruff reagéieren, géif een awer weider enquêtéieren, esou de Jean-Claude Weidert. Och wa keng Infraktioun géif virleien, kéint de Conseil déi Entreprisen zu enger Sanktioun veruerteelen an och Mesuren imposéieren, déi si géifen zwéngen, d'Prozeduren ze änneren.
D'EU-Kommissioun ermëttelt scho géint Amazon
Nieft den nationalen Autoritéite kann och d'EU-Kommissioun wéinst Verstéiss géingt d'Konkurrenzrecht enquêtéieren. Am Fall vun Amazon mécht si dat och schonn. Am September d'lescht Joer huet d'Kommissioun eng Partie Handelsbetriber opgefuerdert, hir Erfarunge mam Online-Gigant Amazon duerzeleeën.
Hei geet et awer ëm en anere Virworf: Amazon soll gekuckt hunn, wéi eng Produite vun den Handelsbetriber sech gutt op der Plattform verkaf hunn, fir dës dann duerno selwer zu engem méi bëllege Präis unzebidden.
Bei de Fäll, wou et ëm Händler geet, déi vun der Plattform gespaart goufen, wier d'EU-Kommissioun nach net involvéiert, erkläert de Jean-Claude Weidert vum Conseil de la Concurrence:
"Wann eng national Konkurrenzautoritéit eng Enquête opmécht, dat gëtt ënner gewësse Bedingungen d'Kommissioun informéiert. Da kann et sinn, datt d'Kommissioun feststellt, datt en Interêt communautaire virläit. Dann hëlt d'Kommissioun dee Fall bei sech. Dat ass awer hei net de Fall, och wann et sech ëm déi selwecht Firma handelt."
Wa sollt festgestallt ginn, datt Amazon sech net un d'Reegele gehale sollt hunn, kann et eng Strof am Wäert vun 10 bis 30 Prozent vum Ëmsaz vun Amazon ginn.