Radioen

On air

Kultur um 5  |  D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Fro vu Solidaritéit?

Naturkatastrophen

Eng Fro vu Solidaritéit?

D'Associatioun vun den Assurancëgesellschaften (ACA) ass bereet iwwert ee Katastrophefong an aner Mesuren ze diskutéieren, fir d'Leit bei Naturkatastrophen z'entschiedegen. De Staat an d'Gemengen dierften awer och preventiv Mesurë, wéi eng besser Reen- an Ofwaasser-Gestioun, net vergiessen.

auto_stories

3 min

Paul-Charles Origer

Waasserschued: Wat couvréiert d'Assurance?

Et ginn dräi Haapt Assurance-Couverturë fir Waasserschued, erkläert de Paul-Charles Origer, Member vum Direktiounscomité bei der ACA:

  • D'Kaskoversécherung couvréiert Waasserschied un Autoen
  • D'Assurance dommage électrique couvréiert Schied un elektresche Geräter (déi ass normalerweis an enger assurance habitation dran)
  • D'Assurance dégats des eaux couvréiert Schied am Haus, mee nëmme wann d'Origine vum Waasser och am Haus ass (z.B. bei engem Rouerbroch)

Extern Waasser-Problemer net couvréiert

Waasser, wat vu baussen an d'Haus kënnt, ass prinzipiell net vun Assurancë couvréiert. Déi meescht Assureuren offréieren awer eng fakultativ garantie péril climatique oder garantie refoulement des canalisations publiques. Déi Couverture ass, jee no Assureur, op 3000 bis 15.000 Euro limitéiert. Am Fall vun de rezenten Iwwerschwemmungen am Ärenzdall wier d'Waasser op e Coup ganz séier komm. Do wier et schwéier ze soen, ob d'canalisation publique iwwerlaascht gi wier.

De Paul-Charles Origer seet awer, dass d'Versécherungsgesellschaften do "coulant" a bereet wieren, dat quasi automatesch ze couvréieren, wann een dann déi fakultativ Versécherung huet. Déi betraffe Leit sollen och hir Assurancëgesellschaft kontaktéiere fir Detailer ze froen.

Katastrofefong: Konsumente wollten net

D'Schafe vun engem Katastropheschutz-Fong, deen de Premier Xavier Bettel nees an d'Gespréich bruecht huet, wier an de 90er Joren op Oppositioun vun de Konsumente gestouss, esou de Paul-Charles Origer. Eng Etude hätt deemools gewisen, dass nëmmen zwee Prozent vun der Populatioun zu Lëtzebuerg vum Iwwerschwemmungs-Risiko betraff wier. De Conseil des Consommateurs hätt Bedenke gehat, dass 98 Prozent vun de Leit aus Solidaritéit Primmen géife bezuelen, wann awer nëmmen ee minimalen Deel vun der Populatioun dovunner profitéiere kéint.

D'Assurancëgesellschafte wieren awer prinzipiell elo bereet konstruktiv am neien Aarbechtsgrupp matzeschaffen a Léisungen ze fannen. Eng Méiglechkeet wieren déi steierlech Mesuren, déi de Xavier Bettel an d'Gespréich bruecht, déi Leit incitéiere géifen, fir sech géint bestëmmte Schied ze versécheren.

Assurancë reagéieren op Klimawandel

Et wier kloer, dass extrem Wiederkonditiounen zouhuelen, sou de Paul-Charles Origer. D'Assureure géifen dofir och hir Palette u Produiten erneieren. Déi meescht vun de Kontrakter vun der neier Generatioun hätten zum Beispill och schonn déi fakultativ Garantie fir de péril climatique an de refoulement des canalisatioun publiques.

Besser Preventioun gefuerdert

D'Mesurë fir Iwwerschwemmungen an aner Problemer mam Waasser ze verhënneren dierften net vergiess ginn, betount de Paul-Charles Origer. Do wieren de Staat an d'Gemenge gefuerdert. An de leschte Jore wier do wéineg geschitt. De Risiko vun Iwwerschwemmunge kéint een ni ganz ausschléissen. Preventiv Mesurë kéinten awer dozou bäidroen, dass d'Schied, déi duerch Waasser entstinn, manner schlëmm ginn, esou nach de Paul-Charles Origer.

De Paul-Charles Origer, ACAplay_arrow