Radioen

On air

Notturno  |  Torpid - Belaxt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Steiergerechtegkeet vs. Ongläichheeten

Fräie Mikro

Steiergerechtegkeet vs. Ongläichheeten

D'Regierunge versiche mat fiskaleschen Agrëffer a mat enger gezilter Verdeelungsspolitik Problemer wéi Aaarmut a Chômage z'entschäerfen, dat gëlt och fir Lëtzebuerg a séng Steierreform. Mee domat gëtt de Problem net geléist, seet de Laurent Moyse am "Fräie Mikro".

auto_stories

5 min

"Eng méi grouss Steiergerechtegkeet dierft kaum hëllefen déif strukturell Ursaachen fir Ongläichheeten ze léisen"

Aus dem ''Soziale Panorama'', deen d'Salariatskammer kierzlech erausginn huet, geet ervir, dass d'Inegalitéiten zu Lëtzebuerg ëmmer méi grouss ginn. D'Etude stellt fest, dass dës Ongläichheeten – an d'Aarmut allgemeng – zënter gutt 20 Joer weider wuessen. Déi Tendenz ass keng Lëtzebuerger Spezifizitéit : D'Akommesënnerscheeder sinn a villen Länner um Wuessen, wat d'Onzefriddenheet stäerkt an munchmol richteg Onrou bréngt.

Eis Regierung versicht, mat hirer ugekënnegter Steierreform an enger gezilter Redistributiounspolitik dem ënneschten Deel vun der sozialer Leeder ënnert d'Äerm ze gräifen, ouni deenen anere Kategorien vun der Bevëlkerung ze vill ofzeverlaangen. Virsiicht ass gebueden: All Agrëff an d'Fiskalpolitik bleift eng kriddeleg Saach, well d'Leit dat direkt an hirem Portemonni spieren an deemno sensibel reagéieren.

Robotik, Informatik, nei Technologien

Doriwwer wéi wäit d'Regierung déi richteg Schrëtt ageleet huet fir dat soziaalt Ongläichgewiicht ze reduzéieren, léisst sech natierlech streiden. Wann een awer iwwert déi ideologesch Differenzen erauskuckt, kënnt een net ëmhinn, festzestellen, datt net nëmme reng materiell Ursaachen den Equiliber bestëmmen, mä och déif strukturell Emwälzungen.

Dat ass näischt Neies: An der Geschicht gouf et schonn um wirtschaftleche Plang grouss Aschnëtter. Denke mer nëmmen un d'industriell Revolutioun, déi nei Produktiounsmethoden agefouert huet, oder un den Transport, mam Optauchen vun der Eisebunn, oder un den Persouneverkéier, mat der Erfindung vum Privatauto, oder un den Energiesecteur, mam Gebrauch vun der Elektricitéit. Haut si mir erëm an engem groussen Transformatiounsprozess, wou d'Robotik, d'Informatik an aner nei Technologien eis Aarbechtswelt an eisen Alldag mat grousser Vitesse veränneren.

Nei Situatioune fir Gewerkschaften a Patronen

Dat huet natierlech Auswierkungen op eis soziaalt Liewen. Och den Dialog tëschent den Sozialpartner muss deenen Transformatiounen Rechnung droen, mä dat ass méi einfach gesot wéi gemaach. Zu Lëtzebuerg fonctionnéiert d'Tripartite schonn eng Rei Joeren net méi: Eng Ursaach ass, dass dëst Instrument an engem Zäitalter entstanen ass, wou d'Industrie nach dominant wor.

Haut spillt den Déngschtleeschtungssecteur d'Haaptroll, an den Aarbechterstatut huet sech missen engem radikalen Wandel ënnerzéien. D'Gewerkschaften, déi an engem Zäitalter vun der opkommender Industrie entstanen sin, mussen och hir Roll iwwerdenken andeem si sech als Ubidder vun Dingschtleeschtungen un hir Memberen verkafen. An och de Patron muss sech un dat neit Emfeld gewinnen: Hie spillt zwar nach ëmmer eng leedend Roll an de Betriber, mä aner Akteuren mëschen gär mat, sief dat Finanzleit, mächteg Aktionären oder regulatoresch Kontrollinstanzen.

D'Verléierer vum Transformatiounsprozess

Op all déi Changementer si mir nëmmen bedéngt virbereed. Bei all gréisserem Transformatiounsprozess ginn et Gewënner a Verléierer. Zu dëser leschter Kategorie gehéieren an der Regel déi schwächsten Glidder vun der Gesellschaft, well si um schouleschen an um professionellen Plang net die néideg Kompetenzen kruten, fir direkt matzéien. Dat ass besonnesch ersiichtlech op engem Aarbechtsmaart, deen tendenziell ëmmer méi spezialiséiert Leit brauch. Tëschent onqualifizéierten Aarbechtskräften, déi zwar nach ëmmer gebraucht ginn, mä wéineg Chancen op e sozialen Opstieg hun, an héich forméierten Fachkräften, entsteet e Gruef, deen net einfach ze reduzéieren ass.

De soziale Näid, deen ëmmer erëm an eisen Wuelstandsgesellschaften entsteet, ass wëllkomment Fudder fir populistesch Gruppéierungen, déi d'Angscht vun de Leit virun der ongewësser Zukunft ausschluechten. Eng méi grouss Steiergerechtegkeet, wéi se heiansdo mat Recht gefuerdert gëtt, dierft awer kaum hëllefen, fir déif strukturell Ursaachen ze léisen.