Radioen

On air

De Weekend  |  Real Estate - Airdrop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Impfinvitatioun virum Summer

DP-KONGRESS

Eng Impfinvitatioun virum Summer

Déi demokratesch Partei wëllt "vun elo un" um Wahlprogramm fir 2023 schaffen, dat huet d'Parteipresidentin Corinne Cahen de Méindeg den Owend vum Digitalkongress zu Hesper ugekënnegt. Domat soll d'Zäit no der Pandemie virbereet ginn, an där d'DP ee Fokus op d'Aarbechtsrecht an eng besser "Work-Life-Balance" wëll leeën. D'Corona-Pandemie huet och dëse Kongress dominéiert, an de Premier Xavier Bettel huet weider Annoncen a punkto Impfunge gemaach.



auto_stories

2 min

D'Tribün vum Kongress gouf genotzt fir ee weider Plaidoyer fir d'Impfen: de Premier sot hie wier - wéi ugekënnegt - ageschriwwen fir fräiwëlleg mam Vaccin vun AsatraZeneca geimpft ze ginn. D'Parteipresidentin Corinne Cahen sot si géif sech impfe loossen soubal et un hir wier. A mat deenen Invitatioune kéint et an de nächste Méint séier virugoen, sou de Premier. Virraussiichtlech soll jiddwer Lëtzebuerger bis virun der grousser Vakanz eng Invitatioun geschéckt kritt hunn.

Ronn 26 Dausend Leit sinn antëscht op der Fräiwëllege-Lëscht iwwer impfen.lu ageschriwwen. Dës Woch kéinten déi éischt dovun eng Invitatioun kréien. An ofhängeg vum Urteel vum Conseil national des maladies infectieuses, kéint fir déi Kategorie geschwënn nach méi Impftstoff disponibel sinn.

"Den CSMI huet eis nämlech matgedeelt datt si een Avis wäerte schreiwen iwwer Johnson, dofir weess ech och net op den Johnson do op déi Lëscht kënnt, dat sinn Decisiounen déi mer an den nächste Stonnen an Deeg wäerten huelen."

Verteidegung vun der Krisegestioun a Kritik un der CSV

De Xavier Bettel huet um Kongress d'Krisegestioun vun der Regierung verteidegt - a sech explizitt viru seng Parteikolleegin, d'Familljeministesch Corinne Cahen gestallt. Et wieren deplacéiert Momenter an der Chamber gewiescht, sot hien, mat Verweis op d'Récktrettsfuerderunge vun der CSV wéinst der Situatioun an den Altersheemer. De Xavier Bettel huet vu "Populismus op engem vun de sensibelsten Dossieren" geschwat.

Op d'Ausso vun Claude Wiseler de Méindeg hei op der Antenn, d'CSV wier do wann et an der Dräierkoalitioun géif bréckelen, sot eis de Xavier Bettel um Bord vum Kongress:

"Mir haten de Moie Regierungsrot, ech kann iech just soen datt do näischt bréckelt, au contraire, datt eng homogen Equipe do ass, déi de Koalitiounsaccord wëllt ëmsetzen, ech weess net wou hie bréckele gesäit, mee et bréckelt méi bei hinnen eleng wéi an enger Koalitioun mat dräi Parteien."

D'DP wëllt elo, wéi d'Corinne Cahen sot, d'Zukunft an d'Zäit no der Kris virbereeden an elo ufänken um nächsten DP-Wahlprogramm ze schaffen. Konkret Detailer goufe keng genannt, dofir awer grouss Zilsetzunge wéi ee Work-Life-Balance-Gesetz oder Mesurë fir den Télétravail.