Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Noruff un de Sylvain Luc - Paul Jackson - Taylor Eigsti

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng inklusiv humanitär Hëllef

Persoune mat Behënnerung

Eng inklusiv humanitär Hëllef

De Fokus vun der humanitärer Hëllef soll an den nächste Jore verstäerkt op Persoune mat Behënnerung geluecht ginn. Dat sot d'Paulette Lenert, Ministesch fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheete gëschter um internationalen Dag vun der humanitärer Hëllef.

auto_stories

3 min

Vertrieder vun den Hëllefsorganisatiounen zu Lëtzebuerg begréissen dës Entwécklung, well doduerch eng méi inklusiv Aarbecht geleescht kéint ginn. An de Kriseregioune géife virun allem Persounen mat kierperleche a mentalen Beanträchtegungen op der Streck bleiwen, esou d'Paulette Lenert. Dës Leit géifen awer speziell Soinen brauchen. "Dir kënnt Iech virstellen, Leit mat engem Handicap an engem Flüchtlingscamp ze encadréieren, dat ass eng Erausfuerderung", esou d'Ministesch.

Leit mat Handicap sinn am vulnerabelsten

De Martin Lagneau, Direkter vun Handicap International, definéiert dräi Erausfuerderunge bei der humanitärer Hëllef fir Leit mat Behënnerungen. Zum enge géif d'Aarbecht mat de betraffene Persoune vill Zäit an Usproch huelen. Zum anere feelt et dacks un de Strukturen a Kompetenze sur place, fir d'Leit ze encadréieren. A Persoune mat engem Handicap wieren am vulnerabelsten an déi am onsiichtbarsten.

"Wann Dir eng Persoun am Rollstull sidd, dann hutt Dir Problemer bei Iech doheem erauszekommen. Dat heescht, Dir hutt Problemer fir op Iech opmierksam ze maachen oder vun Acteuren aus der humanitärer Hëllef erkannt ze ginn. Dir hutt Schwieregkeete fir Accès op Servicer ze kréien, déi eben net esou definéiert oder strukturéiert sinn, datt se einfach ze consultéiere sinn. Et ass souguer esou, datt d'Acteuren aus der humanitärer Hëllef Iech heem musse siche kommen."

Méi Sue fir Leit mat spezifesche Besoinen

De François Large, Coordinateur vun der humanitärer Hëllef bei der CARITAS, verweist op déi méi intensiv Hëllef, déi bei Persoune mat engem physeschen oder psycheschen Handicap néideg ass. Nieft der humanitärer Aarbecht géif eng spezifesch Prise en charge méi Zäit, qualifizéiert Personal an domat och méi Suen an Usproch huelen.

Eng sëllech ONGen zu Lëtzebuerg hätten dofir plädéiert, datt Persoune mat spezifesche Besoinen och laangfristeg spezifesch Finanzéierunge géife garantéiert kréien. "Dat erlaabt eis och méi roueg an ausgeglach ze schaffen an net nëmmen de Gelder bei Urgencen hannendrun ze lafen."

De François Large begréisst dofir d'Efforte vun der Direktioun fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten, méi Moyene fir Persoune mat Handicap a Kriseregioune bereet ze stellen. Wéi eng finanziell Auswierkungen dës Ënnerstëtzung fir d'ONGen huet, kéint een net soen, esou de Martin Lagneau:

"Um Niveau vun den ONGe ginn et keng genee Detailer a punkto Budget fir Leit mat Behënnerung. Mee et gëtt eng méi grouss Sensibiliséierung vu Säite vum Ministère fir de Sujet. An et gëtt séchergestallt, datt Projeten, déi vun den ONGe proposéiert ginn, och d'Inclusioun vun de Mënsche mat Handicap respektéieren."

Eng gutt Zesummenaarbecht mam Ministère

Zu Lëtzebuerg wier een als ONG privilegéiert, esou de François Large vun der CARITAS. Ee Prozent vum PIB geet an d'Entwécklungshëllef. Duerch dës finanziell Subventioun hätt een eng Planungssécherheet. Et wéisst ee schonn ufanks vum Joer, wéi eng Montanten engem zur Verfügung géife stoen. "Während dem Dialog mam Ministère kënne mir schonn eis grouss Projete fir d'Joer virstellen. An opgrond vun dëser Sécherheet kënne mir fir dräi Joer plangen." Dat géif besonnesch der Hëllef fir Leit mat engem Handicap entgéint kommen.

Duerch déi gutt Zesummenaarbecht mam Ministère kéint een a villen Dossieren eppes beweegen, esou de Martin Lagneau. Hie begréisst, datt den Dialog mat der Zivilgesellschaft Friichten dréit. "Mäi Bilan als Vertrieder vun Handicap International ass domat positiv", seet hien.