Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Crinan Wood - In Your Room

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng kloer Opdeelung vun de Kompetenzen"

Migratioun

"Eng kloer Opdeelung vun de Kompetenzen"

An der Hal 6 vun der Luxexpo um Kierchbierg entsteet an Zukunft eng hallef-oppe Struktur fir Asyldemandeuren. D'Integratiounsministesch erkläert, datt hire Ministère an dee vun der Immigratioun sech esou op hir respektiv Aufgabe konzentréieren.

auto_stories

4 min

D'Struktur um Kierchbierg, fir déi an Zukunft den Aussen- an Immigratiounsminister zoustänneg gëtt, soll keen zweete Centre de rétention ginn, dat hu souwuel den Immigratiounsminister Jean Asselborn, wéi d'Integratiounsministerin Corinne Cahen an 100,7-Interviewe betount.

De Jean Asselborn schwätzt vun enger hallef-oppener Struktur. Déi ofgewissen Asyldemandeure géifen net ewéi am Centre de rétention agespaart ginn. Si missten awer owes an der Luxexpo-Hal present sinn. Am Zeltlager vun der Hal 6 sollen an Zukunft jo just Leit ënnerbruecht ginn, déi entweder an engem aneren EU-Memberstaat eng Asylprozedur ugefrot haten, oder déi kaum Chancen hu fir een Asylstatut ze kréien, wëll se aus Länner kommen, déi als sécher consideréiert ginn.

"Déi falen ënnert d'Kompetenz vum Ausseministère"

D'Asylprozeduren, deenen dës Persounen ënnerleien, sollen och méi séier gemaach ginn. Bannent engem Delai vun all Kéier ronn zwee Méint sollen se ofgeschloss sinn, huet de Minister Asselborn ugekënnegt.

D'Integratiounsministerin Corinne Cahen huet iwwerdeems an der Emissioun "Riicht Eraus" betount, datt Lëtzebuerg sech wéilt d'Moyene ginn, fir Asyldemandeure gutt z'encadréieren. "Mir hunn awer festgestallt, datt am Moment vill Leit hei sinn, déi net kënnen hei bleiwen. Déi falen ënnert d'Kompetenz vum Immigratiounsministère". D'Neierung beim Accueil vu Migrante géif der Ministesch no weisen, datt et eng "kloer Kompetenzopdeelung" an der Regierung géif ginn.

Luxexpo: "Ass dat human?"

Gläichzäiteg gëtt d'Corinne Cahen ze verstoen, datt d'Logementskonditiounen an der Luxexpo net hirem Zil entspriechen, d'Leit an "humane Konditiounen" hei zu Lëtzebuerg z'empfänken. "Et muss ee sech d'Fro stellen, ob et human ass, zu 280 an enger Luxexpo-Hal ze sinn. Ech mengen net, datt dat de Fall ass", sou d'Integratiounsministerin Corinne Cahen.

Datt op enger Plaz wéi der Luxexpo Tensioune géifen entstoen, schéngt hir logesch. "Wat ee méi Leit beieneen tässelt wat och méi Tensiounen do sinn, dat ass kloer". Allerdéngs géifen et och soss iwwer Land vill Foyere ginn, déi scho laang missten zou sinn, sou d'Ministesch. Als Beispill nennt si d'Weilerbaach, déi "vun uewe bis ënnen" misst frësch gemaach ginn. Am Moment wier een awer frou fir all Bett dat fräi ass, well den Afflux vu Migrante wier nach ëmmer massiv. "Mir hunn iwwer 200 Leit de Mount, déi ukommen a mir musse kucken, datt mir déi ënner Daach bréngen".

Quote-Fuerderung vun der CSV vs. Gemengewahlen

D'CSV ass mat der rezenter Entscheedung vun der Regierung averstanen. De Parteipresident Marc Spautz seet awer och, d'Gemenge missten ënnert sech vill méi solidaresch sinn, wann et drëm geet Flüchtlingen opzehuelen. Wann dat net méiglech wier, misste Quoten agefouert ginn, sou stellt hien d'Positioun vu senger Partei op een Neits duer. Grouss Strukture wieren allerdéngs net gutt - "am Normalfall missten 150 Leit de Maximum sinn". Dës méi klenger Strukture misst "solidaresch iwwert déi 105 Gemengen" verdeelt ginn, esou de Marc Spautz a "Riicht eraus".

D'Corinne Cahen ass awer der Meenung, datt et net einfach géif ginn, fir méi Solidaritéit vun de Gemengen anzefuerderen. "DP, CSV, mir sinn alleguer an engem Wahljoer dëst Joer, dofir ass dat net ganz einfach". Nach "laang net" all d'Gemenge géife mathëllefe fir Léisungen ze fannen. Mee et géifen och gutt Beispiller ginn, wéi zum Beispill Tënten oder och Maarnech, esou d'Ministerin.

"Nach ni net op enger Linn mam Här Asselborn"

Allerdéngs kéinte weder de Staat nach d'Gemengen eegestänneg decidéieren, wou wat dierft gebaut hin. "Do ginn et Prozeduren a méiglech Recoursen, dat dauert Méint. Mir schwätzen awer hei vun enger Urgence". D'Regierung hat probéiert iwwert eng d'Prozedur vun engem Plan d'occupation du sol (POS) eng Rei Container-Dierfer opzebauen, allerdéngs wier dat bis elo just zu Dikrech gelongen.

D'Corinne Cahen seet, si wier frou, datt ee bis elo net hätt missten op Sportshalen, Centre culturelen oder Campingen zréckgräife fir Leit ënnerzebréngen. Si kéint awer "net verspriechen", datt dat net iergendwann néideg wier.

D'Ministerin Corinne Cahen huet a "Riicht eraus" och nach fir "déi selwecht Regelen" a Saache Flüchtlingspolitik a ganz Europa plaidéiert. "Soss froen ech mech firwat Europa iwwerhaapt nach do ass, wa mer net zesummenhalen". Of Nofro hin, sot si an dem Kontext nach, si wier "nach ni net op enger Linn" mam Immigratiounsminister Jean Asselborn gewiescht. Wéinst rezenten Aussoen vun hir a vum Aarbechtsminister Nicolas Schmit waren dorun Zweifel opkomm.

D'Ministere Cahen an Asselborn iwwer d'Luxexpo (C. Schimmer)play_arrow