Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng komplizéiert Relatioun

Chronik

Eng komplizéiert Relatioun

Eigentlech wollt den US-President Donald Trump um Veteran's Day eng Militärparad zu Washington hunn, mee esouwuel de Pentagon, wéi och d'Stad hunn him do e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. Dem Trump seng Relatioun mam amerikanesche Militär ass nees aktuell, no senger Visite zu Paräis dëse Weekend.

auto_stories

2 min

E Sonndeg war den Donald Trump bei de Commemoratiounen um Arc de Triomphe dobäi. Spéider am Dag war hien um amerikanesche Kierfecht ausserhalb vu Paräis, trotz dem ville Reen, a genee, wéi dat och geplangt war.

Keng Visite wéinst dem Reen

E Samschdeg war et eng aner Geschicht. De President huet stonnelaang an der amerikanescher Residenz verbruecht, fir Reuniounen an Telefonsgespréicher, esou huet den Donald Trump et op Twitter erkläert.

Dobaussen huet et gereent, heiansdo méi, heiansdo manner, mee genuch fir d'Wäisst Haus ze iwwerzeegen eng Visite um amerikanesche Kierfecht zu Bois Belleau ofzesoen. Wéinst dem Reen. Dat ass net gutt ukomm bei deenen, déi un d'Leide vun den Zaldote virun honnert Joer geduecht hunn.

Eng frappant Symbolik

Wéi konnt et sinn, datt de President net op de Kierfecht gereest ass, wa säi Representant, de General John Kelly a senger Plaz geschéckt gouf? Et stëmmt, datt et net einfach ass, en amerikanesche President 45 Minutte laang duerch Frankräich ze chaufféieren, wann den Helikopter virgesi war. Et stëmmt och, datt et mam Helikopter méi sécher ass an datt deen an deem Wieder net fléie konnt.

Mee d'Symbolik vun engem President, deen den Nomëtte bequem am Hotel verbruecht huet, war frappant. Aner Staatscheffen aus Däitschland, Frankräich a Kanada ware bei hire virgesinne Commemoratiounen dobäi.

Ob dem Donald Trump seng Ofso e Mangel u Respekt war fir d'amerikanesch Zaldoten, déi virun honnert Joer hiert Liewe sacrifiéiert haten, iwwerloosse mir aneren. Mee et ass eng interessant Reaktioun vun engem President an engem Wäissen Haus, déi soen, datt si d'amerikanescht Militär a seng Veterane méi respektéieren, wéi all aner amerikanesch Regierung virun hinnen.

A besonnesch interessant ass et, datt den Donald Trump all Méiglechkeet benotzt fir seng Géigner unzegräifen, wa si senger Meenung no net de Respekt weisen, deen d'Arméi senger Meenung no verdéngt.

Och keng Visite bei Zaldoten

Et erënnert ee sech u seng Kritik un de schwaarze Footballspiller, déi wärend der Nationalhymn an d'Knéi gaange sinn, e Protest géint d'Gewalt vun der Police vis-a-vis vun Afro-Amerikaner. Den Donald Trump huet dat interpretéiert als e Geste géint den amerikanesche Fändel a géint dat amerikanescht Militär.

Méi wichteg am Kontext vum Trump senger Ofso e Samschdeg ass de Fait, datt hien a bal zwee Joer nach keng eng Kéier amerikanesch Zaldoten an engem Krichsgebitt besicht huet. Dat ass Traditioun an ass och eng Erwaardung un en amerikanesche President.