Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng konstruktiv Oppositioun

Franséisch Parlamentswahlen

Eng konstruktiv Oppositioun

Dem Bruno Theret vu Les Républicains-UDI no géif déi mëtt-riets Allianz de politesche Projet vum President Emmanuel Macron ënnerstëtzen, wann ee sech doranner géif erëmfannen. De Stéphane Menant vu La France insoumise rechent iwwerdeems domadder, datt d'Fransousen op d'Strooss ginn, wann d'Regierung d'Reform vum Aarbechtsrecht lancéiert.

auto_stories

2 min

Et wier eng komplizéiert Wahlcampagne gewiescht, déi vun den "Affäre" vergëft war, seet de Bruno Theret. Et misst nees Vertrauen zréck an d'Politik kommen, zum Beispill duerch d'Begrenzung vu politesche Mandater a vun der Mandatszäit. Dernieft misst d'Politik am wierkleche Liewe verankert sinn.

De Bruno Theret begréisst d'Afrostellen an d'Erneierung vum parteipolitesche Spektrum duerch d'Partei vum Emmanuel Macron. Hie géif d'Politik vum neie President Emmanuel Macron ënnert de richtege Konditiounen ënnerstëtzen. Et hätt ee bei den Themen Europa, nohalteg Entwécklung an Humanismus ähnlech Positioune wéi de President ."Et muss een net an der systematescher Oppositioun sinn".

Nei Gauche

"Mir sinn aktuell déi wierklech Oppositioun am Parlament", seet iwwerdeems de Stéphane Menant vu "La France insoumise". De fréiere Sozialist, dee bei d'Beweegung vum Jean-Luc Mélenchon gewiesselt ass, schwätzt och vun ekologescher Transitioun. Seng Partei hätt awer eng däitlech aner Approche zum Soziale wéi d'Regierungspartei an Les Républicains-UDI.

Dem Stéphane Menant no géif et an de nächste Wochen eng Neientwécklung vun der sozialistescher Gauche ginn. Eng Fusioun mat der sozialistescher Partei schléisst hien aktuell nach aus. D'éischt misst gekläert ginn wéi sech de PS ideologesch positionéiert.

Elo un de Gewerkschaften

Béid politesch Vertrieder soen, et wier d'Roll vun de Gewerkschaften, fir sech fir sozial Verbesserungen anzesetzen. De Bruno Theret lancéiert en Appell un déi franséisch Salariéen, fir sech ze syndikaliséieren. Gläichzäiteg misst een am Sozialdialog op de selwechte Wee wéi Däitschland goen. Do wieren d'Gewerkschaften éischter e Partner, wéi e Géigner vun der Politik. A Frankräich si just ronn 10% vun de Salariéen an enger Gewerkschaft affiliéiert.

Et wier net u senger Partei, fir zu dësem Zäitpunkt eng Protestbeweegung an der Strooss unzeféieren an zum Opstand opzeruffen. Déi nei Regierung misst elo als éischt handelen. Et wier awer kloer, datt et Konsequenze géif ginn, wann de franséische President "par ordonnance" wéilt d'Aarbechtsrecht reforméieren. "Il n'a pas droit à l'erreur", sou de Bruno Theret.