Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Gossip - Real Power

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng leschte Kéier Äddi soen iwwer Skype

Corona-Pandemie

Eng leschte Kéier Äddi soen iwwer Skype

D'Covid-19 Krankheet ass och fir d'Famillen a Frënn vu Patienten eng psychologesch an emotional schwiereg Situatioun. De physesche Kontakt mat de Kranken ass wéinst Ustiechungsgefor nämlech net méi méiglech. Bei engem Stierffall kann ee sech net méi physesch Äddi soen. Och déi lescht Wierder a Momenter erliewen déi Betraffen elo virtuell an enger Video-Kommunikatioun. Ënner anerem de Centre Hospitalier an der Stad huet esou ee System en Place gesat. D'Vanessa Grandjean, Chef-Psychologin vum CHL, erkläert, wéi dee System an der Praxis funktionéiert.

auto_stories

4 min

Vill Covid-19 Patiente wieren eeler Leit, erkläert d'Vanessa Grandjean. Si hätten dacks net d'Moyene mat Videochat-Applikatiounen mat Famill a Frënn ze schwätzen. Dofir hätt de CHL e System mat iPad a Skype organiséiert. D'Infirmière, Psycholog oder Dokter wier da mam Patient am Zëmmer, fir hie mam iPad ze ënnerstëtzen.

Wann e Patient intubéiert, also un en Otemapparat ugeschloss a kënschtlech beotemt muss ginn, ass de Risiko, datt en net méi erwächt, méi grouss. Dofir géif virun der Intubatioun tëschent Patienten a Famillen d'Méiglechkeet geschaaft ginn, vläicht eng leschte Kéier iwwer Skype mateneen ze schwätzen. Virdrun erkläert een der Famill, wat genee geschitt.

Deen aneren upake kënnen ass wichteg

Besonnesch schwéier ass an esou Momenter, datt d'Famille kee physesche Kontakt ënnerenee kënnen hunn, seet d'Vanessa Grandjean, net nëmme fir d'Famillen an d'Patienten, mee och fir d'Infirmieren an Dokteren.

Si selwer schafft zanter 15 Joer an der Palliativmedezin an zielt, datt um Liewensenn non-verbale Kontakt dat Wichtegst wier, also datt de Patient seng Matmënsche kann upaken. An der aktueller Situatioun kéint awer just den Dokter oder d'Infirmière de Patient upaken.

Ee physeschen Intermediaire

Et sinn nämlech dann och d'Infirmièren, Dokteren oder Psychologen, déi, wann d'Famill dat wëllt, e physeschen Intermediaire maachen, iwwer Skype - dat heescht, zum Beispill, si drécken dem Patient nach eng Kéier d'Hand, fir d'Famill:

"Et c'est aussi nouveau pour eux, parce que c'est eux qui doivent prendre en charge différemment ces fins de vie là. Et là, par expérience des dernières semaines, toutes les équipes à niveau du personnel du CHL, que ce soit les infirmières, les aides-soiganntes ou les médecins, ils le font avec toute leur empathie qu'ils ont en eux de pouvoir prendre en charge au mieux ces siutations-là."

Och bei net-Covid-19 Patienten, déi schwéier krank sinn, gëtt d'Telekommunikatioun mat Skype elo am CHL gebraucht. Well och do goufen déi physesch Visitte vu Familljememberen op en absolutte Minimum reduzéiert.

De System mat iPad a Skype gëtt am CHL och gebraucht, wa Patienten mat engem Paschtouer wëlle schwätzen. Et kéint nämlech keen an d'Zëmmer kommen, och kee Paschtouer. Trotzdeem kéinten d'Patienten esou iwwer Video bieden.

De Patient iwwer Video am Spidol gesinn

Wa Covid-19 oder aner Patienten am Koma leien a riskéieren, net méi ze erwächen, gëtt et och d'Méiglechkeet, si virtuell an der Reanimatioun nach eng Kéier ze gesinn: sou kéinte Familljemembere gesinn an erkläert kréien, wéi et dem Patient geet, wéi eng Medikamenter en huele muss. Doduerch kéinten d'Famillen an dee Prozess mat agebonne ginn, ouni datt si mussen op der Plaz sinn, erzielt d'Vanessa Grandjean.

An och bei Stierffäll kënne Familljememberen, wa si dat wëllen, de Kierper vum Verstuerwenen eng leschte Kéier, virtuell, gesinn. Et géif een dozou awer net forcéiert ginn, mee dat wier eng Optioun, déi d'Spidol géif ubidden.

Iwwer d'Méiglechkeet, der Famill eng Foto vum Kierper vum Verstuerwenen ze schécken, géif och diskutéiert ginn. Am CHL géif dat bis elo awer nach net gemaach ginn, sou nach d'Chef-Psychologin Vanessa Grandjean.

Zeréck an d'Realitéit

Si preziséiert: et géifen och Covid-19 Patiente ginn, déi d'Reanimatioun iwwerstinn an nees erwächen. An dee Moment gëtt am CHL, wärend de Patient am Koma läit, esou gutt wéi méiglech virbereet, zesumme mat der Famill. Iwwer E-Mail kéint d'Famill dem Psycholog Fotoen, Bréiwer an aner Saache schécken, déi dann an d'Zëmmer vum Patient bruecht ginn.

Wann de Patient aus dem Koma erwächt, kann en déi kucken, an duerno iwwer Skype Kontakt mat der Famill ophuelen. Verschidde Patienten hätten, nodeems si an der Reanimatioun waakreg gi sinn, wéineg oder keng Erënnerung, wat geschitt ass, a wisou si do sinn. Et wier dohier wichteg, direkt Kontakt mat der Famill opzehuelen, sou datt si séier erëm eng Connectioun mat hinne kënnen opbauen an de Patient erëm a seng Realitéit zeréckkomme kéint, seet d'Vanessa Grandjean.