Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Halo Maud - My Desire Is Pure

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Majoritéit aus der Mëtt

Europawahlen 2019

Eng Majoritéit aus der Mëtt

De Spëtzekandidat vun der Europäescher Vollekspartei seet, hie wéilt am nächsten Europaparlament net mat Parteien zesummeschaffen, déi riets vu senger Partei stinn.

auto_stories

1 min

Am 100,7-Interview betount de Manfred Weber, hie wéilt net op d'Stëmme vu rietsnationalen EU-Deputéierten zeréckgräife fir Kommissiounspresident ze ginn. Mat Rietspopulisten a Rietsnationale kéint ee keen neit Europa opbauen, esou den CSU-Politiker, dofir wéilt hien eng Majoritéit an der "prodemokratescher, europäescher Mëtt" fannen.

Blockade verhënneren

Fir de Spëtzekandidat vun der Europäescher Vollekspartei ass d'Steierkonkurrenz tëschent de verschiddenen EU-Länner eng gutt Saach. De Manfred Weber seet, déi eenzel EU-Länner dierften hir Steiertauxen net vu Bréissel diktéiert kréien.

Op verschidde Problemer missten d'Finanzminister awer eng Äntwert fannen. Et dierft net zu Blockade kommen, an dofir misst een doriwwer schwätze fir d'Ofstëmmungsmethoden ze änneren. De Manfred Weber nennt hei konkret d'Beispill vun de Steierlächer, wou d'Bierger kloer Äntwerten erwaarden.

Am Moment hunn déi eenzel EU-Länner d'Méiglechkeet, europäesch Decisiounen am Steierberäich ze blockéieren, wa se net domat averstane sinn. Op EU-Niveau gëtt awer doriwwer diskutéiert, dëst Vetorecht ofzeschwächen. D'Lëtzebuerger Regierung ass dogéint, datt de System geännert gëtt.