Radioen

On air

Tockcity  |  Boulevards - Run and Move

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng nei App, e Ruffbus a méi Busspuren

Reorganisatioun vum RGTR-Bus Reseau

Eng nei App, e Ruffbus a méi Busspuren

De Bus-Reseau RGTR gëtt komplett reorganiséiert. Deen neie Reseau gesäit néng grouss Achse vir, déi déi grouss a regional Pôles d'échangë verbannen. Op deenen néng Achse sinn Expresslinne virgesinn, déi op Busspure solle fueren, sou de Mobilitéitsminister François Bausch.

auto_stories

3 min

Wéi den Numm et géif soen, géifen dës Busse séier fueren an ënnerwee net dacks stoe bleiwen, fir d'Leit vun de Pôles d'échangë mat hirer Destinatioun ze verbannen. Déi Pôle d'échangë géifen iwwer Zoubréngerlinnen alimentéiert ginn.

Dobäi kommen transversal Strecke fir den ëffentleche Bus-Transport. Regional a lokal Buslinne verbannen de ländleche Raum mat deene Pôles d'échangen. Zesumme mat Ponts et chaussées gëtt och un engem Luuchteschaltsystem geschafft. D'Busse wiere mëttlerweil geolokaliséiert, wat et géif erlaben, méi laang am Viraus d'Luuchten ëmzeschalten.

Ruffbus an nei App

Nei an där Strategie fir den ëffentlechen Transport ass d'Aféiere vun engem Ruffbus, deen ee kann op een Arrêt bestellen, seet de François Bausch. Ausserhalb vun de Spëtzestonne géifen et am ländleche Raum ganz aner Besoine ginn, sou de Minister, dofir hätt ee sech entscheet fir esou e Service anzeféieren. Dee Service vernetzt d'Arrête vun der Regioun ënnertenee a verbënnt se och mat de wichtege Pôle d'échangen.

Fir d'Visibilitéit vum Reseau ze verbesseren, gëtt eng nei App ausgeschafft, déi Mobilitéit.lu-App ersetze soll. Dës App géif déi nächst Woch presentéiert ginn.

"Wat ee System wäert opbaue komplett an d'Echtzäit. Dat heescht, et limitéiert sech net op d'Fro vu rengen Horairen. Dee System wäert ganz genee soen, wéi de Reseau grad ass. Dat heescht Alles wat ee proposéiert kritt, wann ee vun A op B wëllt fueren ass an Echtzäit, inklusiv esouguer de Stroossentraffic."

Schwéier fir genuch Buschaufferen ze fannen

All Joer kéime 50 Busse bäi. Eng vun den Erausfuerderunge wier iwwerdeems, an Zukunft genuch Buschaufferen ze fannen, seet den Alex Kies vum Mobilitéitsministère.

"Och hei am Land gëtt et ëmmer méi schwéier, Buschaufferen ze fannen. Wat natierlech dozou féiert, Leit ze rekrutéieren, datt d'Betriber dacks déi Leit huelen, déi se kënnen astellen, an et gëtt eng héich Fluktuatioun. Dat hat ee viru Joren nach net. Et ass eben och deem geschold, datt een an de Spëtzestonnen ëmmer méi Gefierer brauch an och ëmmer méi Leit."

Dee Manktem u Buschauffere confirméiert den OGBL-ACAL, net de Loun wier determinant, mee d'Aarbechtskonditiounen, sou den Zentralsekretär Sveinn Graas. Dat géif an den Ae vun der Gewerkschaft awer och doru leien, datt d'Aarbechtsbedéngunge fir e Buschauffer relativ schwiereg wieren, "well si 12, 13, 14 an heiansdo 15 Stonne mussen ënnerwee sinn".

Luef vun der Gewerkschaft fir Busspuren

D'Aféiere vu méi Busspure wier awer positiv, esou de Sveinn Graas, well sech d'Aarbechtsbedéngunge fir d'Buschaufferen doduerch potentiell géife verbesseren.

Deen neie Bus-Reseau soll vu Mee d'nächst Joer un a Phasen ëmgesat ginn. Elo kréien d'Gemengen dee Plang presentéiert, déi hunn da sechs Wochen Zäit fir hiren Avis ofzeginn.