Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Herbie Hancock - Hang Up Your Hang Ups

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng iwwerparteilech Beweegung fir Lëtzebuerg?

Politik

Eng iwwerparteilech Beweegung fir Lëtzebuerg?

Bannent den nächsten zéng Deeg soll sech decidéieren, ob eng "iwwerparteilech Beweegung fir Lëtzebuerg" gegrënnt gëtt. Dat kënnegt de Georges Jacobs am 100,7-Interview un. De President vun der Jeeër-Federatioun an Dokter ass Member vum provisoresche Comité vum eventuelle Mouvement. Dëse Comité mat sechs Memberen hat e Samschdeg am Lëtzebuerger Wort e gréisseren Opruff u Bierger gemaach, déi sech wëllen engagéieren.

auto_stories

3 min

"Wa mir 60 Leit zesumme kréien, déi sech de 14. Oktober wëllen opsetzen, da maache mir komplett Lëschte fir déi véier Wahlbezierker", sou eng weider Ukënnegung vum Georges Jacobs. Zesumme kéint een déi politesch Landschaft virun de Chamberwahle méi räich maachen, hat et am Opruff geheescht.

Dat zentraalt politescht Thema soll d'Iwwerwanne vun der Wuesstemsspiral sinn. Et wéilt e sech och fir déi Wäerter asetzen, déi "eis Gesellschaft ausmaachen", hat et de Samschdeg an der Annonce am Lëtzebuerger Wort geheescht. Et géif dorëm goen, déi franséisch Charta vum Emmanuel Macron senger "En marche"-Bewegung an eng Lëtzebuerger Versioun ëmzebauen an déi spezifesch Lëtzebuerger Problemer ze consideréieren.

Nach net kloer, wéi et viru geet

Bis den Dënschdeg am fréien Nomëtteg hätte sech 35 Leit gemellt, déi wéilte matmaachen, seet de Georges Jacobs.

Wéi genee et elo viru géif goen, géif momentan nach net feststoen. Dat géif dovun ofhänken, wéi vill d'Leit sech wéilten engagéieren, déi sech bis elo gemellt hätten, "ob déi nëmmen e wéineg berode wëllen oder einfach esou matmaachen", seet de Georges Jacobs.


Extrait Georges Jacobs:

Lauschterenplay_arrow


Wann een net genuch gutt géif fannen, da kéint een dovun ausgoen, datt déi ganz Beweegung "zu Lëtzebuerg einstweile mol am Sand verleeft an datt mir eis eng Kéier treffen, e Patt drénken an eng Kéier zesumme grille ginn". Dann hätt een et "einfach mol probéiert gehat", sou de Georges Jacobs. Et kéint een deemno net vu Verbassenheet schwätzen. Hie schätzt vun engem "empathesche Projet".

Hie wier frou mat Lëtzebuerg, hien hätt vill vun dësem Land kritt an hie wier elo an enger Alterskategorie, wou hien "nach eng Kéier d'Méiglechkeet hätt, och eng politesch Aktivitéit ze maachen". Dem Georges Jacobs no, géif déi geplangte Beweegung "dem Land gutt doen". Hien hätt gesinn, wéi gutt dat a Frankräich geklappt hätt, "fir al Antagonismen z'iwwerwannen" an dofir hätt hie sech entscheet eng eege Beweegung zu Lëtzebuerg ze lancéieren. "A wa genuch Leit do sinn, déi matmaachen, da rullt et, a wann net, dann hunn ech Satisfaktioun, datt ech awer och de Courage hat, fir et einfach ze lancéieren an da weess ech och, datt ech elo meng Flicht gemaach hunn", seet de Georges Jacobs.

De Georges Jacobs war, eegener Ausso no an der Vergaangenheet Member vu Parteien. Wéi eng Parteien dat waren, wollt hien eis net soen.


Extrait Georges Jacobs:

Lauschterenplay_arrow