Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng nei Schwämm fir Iechternach

Gemengewahlen

Eng nei Schwämm fir Iechternach

Eng Schwämm bedeit fir eng Gemeng e grousse finanziellen Asaz. An dach wëlle vill Gemengen de Schoulkanner eng Plaz bidden, wou si kënne schwamme leieren, an de Bierger eng Fräizäitattraktioun. Meeschtens ass déi eenzeg Méiglechkeet fir eng Gemeng, eng nei Schwämm opzeriichten, eng Kooperatioun mat anere Gemengen anzegoen. Iechternach plangt esou e Projet mat der Verbands-Gemeinde Südeifel.

auto_stories

3 min

Zu Iechternach hätt een de Moment eng Schwämm stoen, déi déi bescht Zäiten hannert sech hätt, esou den CSV-Buergermeeschter Yves Wengler. Dowéinst hätt ee sech mat der Verbands-Gemeinde Südeifel, déi 65 Gemengen aschléisst, zesummegesat, fir iwwert eng nei Schwämm ze schwätzen. Op der däitscher Säit hätt een ähnlech Problemer wéi zu Iechternach. Och do wier d'Schwämm a kengem gudden Zoustand. Dowéinst hätt et och Sënn gemaach, datt een an deem Dossier zesummeschafft, esou den Yves Wengler.

Eis Schwämm mécht all Joer en Defizit vu 600.000 Euro. An déi däitsch Noperen hunn ee Minus vun 350.000 Euro. Zesumme kaschten déi zwou Schwämmen eis eng Millioun.

E konkrete Plang hätt een nach net ausgeschafft. Enger Etude no, soll de geplangte Projet tëschent 12 a 15 Milliounen Euro kaschten. Dat géif dovunner ofhänken, ob een d'Schwämm nëmme fir de Schoulsport, oder och fir d'Touriste plangt, esou den Iechternacher Buergermeeschter.

Wann et méi touristesch soll ginn, eventuell mat engem Wellness Beräich, da geet de Präis direkt an d'Luucht. D'Lëtzebuerger wiere frou dat ze maachen, déi Dätsch éischter net.

Wëll et e grenziwwerschreidende Projet ass, géif ee mat EU-Gelder rechnen, esou den Yves Wengler. Fir d'éischt misst déi däitsch Säit allerdéngs kucken, wat si vum Bundesland Rheinland Pfalz ka kréien, ier een eng Demande bei der EU kéint maachen. Sécher wier awer elo schonn, datt Iechternach méi bezilt, wei déi däitsch Gemengen.

Well mir de Lycée hu mat ville Schüler, plus eis Grondschoul; da benotze mir quasi 2/3 vun der Schwämm. D. h. mir bezuelen och 2/3 méi.

Sollt de geplangte Projet net klappen, géif ee probéieren, d'Schwämm eleng ze realiséieren. Déi al Schwämm ze renovéieren, wéi d'Oppositioun am Iechternacher Gemengerot et gefuerdert hätt, wier net méiglech.

Mir hunn dat analyséiere gelooss, well et ëmmer ënnerschiddlech Meenungen am Gemengerot goufen. D'Ingenieuren hu Buerungen am Bëtong gemaach an hu festgestallt, datt d'Eisen am Bëtong scho gelidden huet. Wann de Fachmann seet, do ginn et Sécherheetsbedenken, da muss ee politesch vun der Iddi ewech kommen. Wuelwëssend datt eng Renovatioun net wesentlech méi bëlleg ass, wéi en Neibau.

Eng Kooperatioun mat engem anere Partner wier op Grond vun der geographescher Lag net méiglech gewiescht, esou den Yves Wengler. Et kéint een de Schoulkanner net zoumudden, ze wäit mam Bus an d'Schwämm ze fueren.

Beispill Noumer

E Beispill, wou d'Kooperatioun tëschent Gemenge besser geklappt huet, ass d'Schwämm, déi zesumme vun de Gemenge Fiels, Fëschbech an Noumer realiséiert gouf. Fir 6,5 Milliounen Euro gouf d'Gebai 2012 um Plateau Birkelt an der Fiels gebaut. Et wier och net déi éischte Kéier gewiescht, datt déi dräi Gemengen zesummegeschafft hätten, esou de Buergermeeschter vun Noumer, Marc Eischer.

Mir hu schonn 2002 eng gemeinsam Sportshal fir d'Gemenge Fiels, Fëschbech an Noumer gebaut. An du sote mir, mir maachen och eng Schwämm.

Et hätt am Mëllerdall keng Schwämm ginn an d'Schoulkanner hätten ëmmer bis op Kolmer-Bierg oder op Miersch misse fueren. Fir esou eng kleng Gemeng wéi Noumer, wier esou e Projet eleng net ze realiséiere gewiescht, erkläert de Buergermeeschter.

Eng Gemeng ënner 2.000 Awunner ka sech sou eppes net leeschten. Ausser si hätt en extraordinäert Akommes. Duerch iergendwellech Industriezonen oder aner Entreprisen.

Fir den Iwwerbléck vun den Onkäschten ze behalen, wier d'Schwämm exklusiv fir Schoulkanner a verschidde Veräiner gebaut ginn. Nieft den dräi Gemengen, déi de Projet zesumme realiséiert hunn, géifen elo och d'Schoulkanner vun Hiefenech, Beefort, der Ärenzdall-Gemeng a Reisduerf bis an d'Fiels an d'Schwämm kommen. D'Schwämm wier gutt ausgelaascht, betount de Buergermeeschter vun Noumer. Während de Schoulstonne géif et keng Stonn méi ginn, an där keng Schoulklass do wier, fir ze schwammen.