Radioen

On air

Resonanzen  |  Sergei Bortkiewicz - Etude Nr.9, Op. 15 - Romain Nosbaum (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng nei visuell Identitéit fir Lëtzebuerg

Nation Branding

Eng nei visuell Identitéit fir Lëtzebuerg

Lëtzebuerg soll en neien Image kréien. Als Resultat vum sougenannten Nation-Branding-Prozess, ass den 10. Oktober eng nei visuell Identitéit fir Lëtzebuerg virgestallt ginn. Mat där wëllt d'Regierung d'Land eenheetlech no bausse promovéieren. Onwierksam Staatspropaganda oder eng néideg modern Kommunikatiounsstrategie?

auto_stories

4 min

Let's Make It Happen, de Slogan vun der Campagne

"Luxembourg. Let's make it happen", ënnert deem Motto a mat engem neie Logo wëllt sech de Grand-Duché vun elo un als oppen, dynamesch a vertrauenswierdeg am Ausland vermaarten. Zum Beispill mat engem Publicitéitsfilm, deen d'nächst Joer op internationalen Tëleeschaînë gewise soll ginn. "Är Valeure sinn eis Valeuren" - sief et bei Geschäftsleit, Touristen, Chercheuren oder Kënschtler. Den neie Slogan soll eng iwwergräifend Marketingënnerschrëft fir verschidde Promotiounsweeër vum Land sinn. Also keen Ersatz fir de sektorielle Marketing, deen et schonns gëtt.

2013 huet déi nei Regierung mam Nation Branding ugefaangen. Et wollt een sech eng nei Kommunikatiounsstrategie ginn, fir den Image vu Lëtzebuerg am Ausland ze verbesseren. Mat Sondagen an Atelieren huet alles ugefaangen. No vill Kritik an de leschte Jore steet dat neit Konzept elo.

"Gutt genuch"

Authentesch wier et, seet d'Staatssekretärin am Wirtschaftsministère, Francine Closener. Et wéilt een näischt weisen, wat et net géif ginn, mee déi verschiddenaarteg Realitéite vu Lëtzebuerg no baussen droen. Déi wiere gutt genuch, esou d'LSAP-Politikerin. Et géifen exzellent Argumenter fir de Standuert Lëtzebuerg schwätzen. "Mir brauchen eis net ze beléien an och soss keen ze beléien." Dat wier der Francine Closener no och nëmme kontraproduktiv.

Kee beléien, domat reagéiert d'Francine Closener op dem Simon Anholt seng Kritik vis à vis vu sengem eegene Begrëff. De kreative Kapp hannert dem Nation Branding kritiséiert d'Aart a Weis, wéi den Nation Branding aktuell vu Staate praktizéiert gëtt. Et kéint een en Image vun engem Land net mat Marketing veränneren. D'Leit géifen dat als Staatspropaganda opdecken.

Authentescht Konzept

D'Wäerter, mat deene Lëtzebuerg elo vermaart gëtt, wieren awer authentesch an dofir géife si ukommen, esou d'Tania Berchem vum Ausseministère. Si ass responsabel fir d'Koordinatioun vum Nation Branding tëscht de Ministèren an Institutiounen. Kee Land géif déi dräi Valeuren - Zouverlässegkeet, Dynamik, Oppenheet - esou intensiv gläichméisseg droen, wéi Lëtzebuerg, Dat wier aus Studien ervir gaangen.

Betount partizipativ wier den Nation branding-Prozess, gouf den 10. Oktober bei der Presentatioun vum Nation Branding Konzept e puermol widderholl. Dat wier och e groussen Ënnerscheed vis à vis vun aneren nationalen Approchen, ënnersträicht d'Tania Berchem. Et hätt een all d'Acteuren aus dem Land wëlle mat abannen. "Dat ass eppes ganz aneschtes, wéi dat, wat de Simon Anholt bis elo gemaach huet." Keen anert Land hätt esou eng partizipativ Strategie gehat. Elo géif d'Konzept no bausse gedroe ginn an da kéint een et analyséieren, esou déi Responsabel fir d'Koordinatioun.

Dem Charles Margue, Direkter vun TNS-Ilres no, deen och am Nation-Branding-Prozess involvéiert war, wier eng déifgrënneg Evaluatioun eréischt an e puer Joer méiglech. Valabel Resultater, wéi de Marketing am Ausland ukéim, wieren awer schwiereg - et feele Vergläichswäerter. "Mir hu kaum Wäerter iwwert den Ist-Zoustand." Et wéisst een net, wou ee géif stoen. "Dat ass eng Saach vu politeschem Wëllen, deen déi lescht 20 Joer net do war", betount de Charles Margue.

"Keng Plus-Value"

De Sven Clement, President vun der Piratepartei a Matgrënner vun enger digitaler Kommunikatiounsfirma, hätt sech méi Kohärenz am ganzen Nation-Branding-Prozess gewënscht. Hie gesäit d'Plus-Value vun der neier Strategie net. Eleng de Slogan "Let's make It Happen" géif weisen, datt et Saachen ze verbessere géif ginn. "Esou wéi eng Firma grënnen, Let's Make It Happen: Rezent erëm getest, rezent erëm gemierkt, datt et awer nach vill ze laang dauert." Déi Agilitéit, déi géif kommunizéiert ginn, wier nach net an der Realitéit ukomm.

Et hätt zwar ee Sënn fir Marketing fir ee Land ze maachen, esou de Sven Clement. Zum Beispill fir iwwert d'Atoute vun enger Branche ze schwätzen. Mee dofir wieren déi branchespezifesch Organisatiounen, wéi "Luxembourg for Finance" oder "Luxembourg for Business" do. "Firwat gi mir eis elo nach eng Daachmark iwwert deene Marken, déi mir schonn hunn?"

Um Wirtschaftsministère weist ee sech oppe fir Kritik: Den Nation Branding als lafende Prozess also. Et wier een oppe fir Changementer a Verbesserungen an et wéilt een eng ganz Communautéit opbaue fir eng Dynamik tëscht Acteuren aus verschiddene Secteuren entstoen ze loossen, esou d'Francine Closener.

D'Nation Branding Campagne kascht dëst Joer 960.000 Euro. D'nächst Joer soll de Budget wéinst der internationaler Mediecampagne eropgoen.