Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng onverständlech Lackerungspolitik?

Däitschland

Eng onverständlech Lackerungspolitik?

Zwee Deeg nom Corona-Sommet tëschent Regierung a Bundeslänner, wiisst an Däitschland d'Kritik un de Lackerungsschrëtt, déi hei decidéiert goufen. Ze fréi, ze large a virun allem ze onverständlech wieren d'Lackerungen a géingen sech éischter um Frust vun de Bierger ewéi un de wëssenschaftlechen Indikatiounen orientéieren.

auto_stories

3 min

Bal schonn houfreg huet de Berliner Landeschef Michael Müller no der Reunioun tëschent Bund a Länner e faarwegt Blat an d'Luucht gehalen an annoncéiert: Dëst ass eise Plang, deen op eng DIN-A4 Säit passt a wou een eent zu eent novollzéie kann, wou mer grad stinn a wat kënnt, wat déi nächst Perspektiv ass."

Zick-Zack-Politik

De Plang ass der däitscher Regierung hire Wee aus dem Lockdown zeréck an d'Normalitéit. Eenzeg: novollzéibar oder iwwersichtlech ass en éischter manner. Ganzer 27 Textcase sollen déi 5 Lackerungsschrëtt verdäitlechen, op déi een sech ë Mëttwoch verstännegt hat. Kuerz dono hat d'Kanzlerin Merkel bei der Pressekonferenz sichtlech Problemer, genee dëst Lackerungskonzept kuerz a knapp ze erklären.

Net verwonnerlech, well sou zimmlech alles anescht ass wéi bis elo. Hat een sech bis ewell aus Virsiicht un der Inzidenzzuel 35 orientéiert, solle geschwënn scho Restriktiounen ab enger Inzidenz vu 50 falen oder souguer driwwer, soulaang net d'100er-Grenz iwwerschratt gëtt. Dann nämlech kéint d'Regierung nees Lackerungen zeréck huelen. Viru kuerzem nach war eng Inzidenz iwwer 50 besuergneserreegend, elo awer kann hei schonn nees e Stéck Normalitéit a Form vun der Gastronomie, Butteker oder Kulturariichtunge garantéiert ginn.

D'Onverständnis doriwwer ass net nëmme bei den Oppositiounsparteie grouss. Och an de Medien ass Rieds vun enger realitéitsfriemer Zick-Zack-Politik, déi ausser Uecht léisst, datt d'Infektiounen nees klammen an d'Mutatiounen d'Lag drastesch verschäerfe kéinten. De Stephen Detjen vum "Deutschlandfunk" mengt an engem Commentaire, datt d'Regierung de Wee vun der Wëssenschaft verlooss huet, an sech am Waljoer 2021 elo dorun orientéiert, wat bei de Wieler a Wielerinne gutt ukënnt. An dat trotz alle Warnunge virun enger drëtter Wëll, déi duerch d'Lackerunge begënschtegt gëtt.

Grouss Hoffnung: eng séier Impfcampagne

Den SPD-Gesondheetsexpert Karl Lauterbach sot, et kéint zwar sinn, datt Gastronomie a Butteker nees kéinten de Betrib ophuelen, mee spéitstens am Abrëll wier d'Inzidenz vun 100 iwwerschratt an de kuerzen Intermezzo eriwwer. Natierlech ass de Lockdown-Frust bei de Bierger a Biergerinnen no véier Méint grouss, mee e géing bestëmmt nach zolidd wuessen, wann den Effort um Enn wéinst verfréite Lackerungen a Gefor geréit.

Fir datt dat net passéiert, setze Regierung a Bundeslänner op eng méi séier Impfcampagne an de massiven Asaz vu Schnelltester - besonnesch déi fir doheem, déi och am Enseignement eng wichteg Roll spille sollen.

Dës sougenannten "Selbsttests" goufen zwar schonn en Vue gestallt, mee sinn nach net an deem Mooss verfügbar, wéi ufanks geplangt. Dofir soll elo eng Task Force suergen, déi vum Gesondheetsminister Jens Spahn an dem Transportminister Andreas Scheuer geleet gëtt - ausgerechent vun deenen zwee Ministeren, déi an de leschte Méint ëmmer nees wéinst gravéierende Feeler an der Kritik stoungen. Confiance schaaft een sou net. Do hëlleft och kee faarwegt DIN-A4 Plakat.