Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  The Messthetics & James Brandon Lewis - Emergence

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Perspektiv no der Arméi

Lëtzebuerger Arméi

Eng Perspektiv no der Arméi

Um Härebierg feelt et un Zaldoten, seet de Christian Schleck. De President vun der Arméigewerkschaft seet, datt an der einfacher Zaldotecarrière 40 Prozent méi Personal gebraucht ginn, mee och an deene méi héije Carrièrë vun der Arméi géife Leit feelen.

auto_stories

2 min

De Christian Schleck ass President vun der Arméigewerkschaft

Ee Grond dofir wier, datt vill Leit bei den Examen duerchfalen, seet de Christian Schleck, besonnesch bei de Sprooch. Vill Leit géifen awer och am Sport duerchfaalen, bedauert de Christian Schleck. "An do muss ee kucken, u wéi enge Schrauwen een dréit, fir datt een dat eventuell herno kann nohuelen, wa si bis an der Arméi sinn."

De President vun der Arméigewerkschaft ass awer net fir den "Nivellement vers le bas":

"Guer net - ganz au contraire. Mee mir sinn awer der Meenung: wann ee méi schwaach Leit eranhëlt, da muss ee kucke fir d'Leit herno iwwer d'Formatioun esou ze forméieren, datt si den Niveau hunn, dee mir brauche fir kennen eng anstänneg Aarbecht ze maachen."

Eng Carrière no der Arméi

Donieft fuerdert d'Arméigewerkschaft och, datt d'Zaldoten nei Beruffsperspektive fir hir Zäit no der Arméi kréien. Dat soll hëllefe fir d'Arméi nees méi attraktiv ze maachen. D'Arméi hätt an de leschte Joren eng ganz Rei exklusiv Carrièrë verluer, déi fir Zaldote reservéiert waren. Vill Leit, déi an d'Arméi kommen, géifen hirem Land gären eng Déngscht maachen.

"Dat ass eben de Punkt: Dofir hätte mir gären, datt méi an och interessant Debouchée geschaaft ginn, mat méi héijen Niveau d'Etuden. Well eréischt dann, wa mir kompetitiv sinn, an den Niveau vun den Zaldoten eropgesat kréien, dann hu mir herno eng gutt Personalstruktur an der Lëtzebuerger Arméi."