Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Christine And The Queens - Damn, Dis-Moi Feat. Dâm-Funk

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Eng reell Äntwert op ee klore Besoin"

Chamberwahlen 2018

"Eng reell Äntwert op ee klore Besoin"

Den Ament sinn hei am Land am Ganze ronn 2.200 Schüler a sougenannten internationalen ëffentleche Schoulen ageschriwwen. Dat heescht Schoulen, an deenen d'Schüler eng Sektioun kënne wielen, wou d'Unterrechtssprooch Däitsch, Franséisch oder Englesch ass. D'Schoule sinn net onëmstridden, an och d'Meenunge vun de Parteien zum Thema ginn ausenaner. Experte vun der Uni Lëtzebuerg gesinn an der internationaler Offer allerdéngs en Usaz fir der Diversitéit vun de Schüler gerecht ze ginn.

auto_stories

7 min

Foto: Bigstock/msymons

Virun zwee Joer huet d'international Schoul zu Déifferdeng an Esch Uelzecht hir Dieren opgemaach. Ugebuede ginn do souwuel europäesch Klassen an der Grondschoul wéi am Secondaire. D'Schüler kënnen hei tëschent enger franséischer, enger däitscher oder enger englescher Sektioun wielen. Zanter dëser Rentrée funktionéieren och am Lënster, Klierfer a Munnerefer Lycée europäesch Klassen. Am Lënster Lycée kënnen d'Schüler tëschent enger däitscher an enger englescher Sektioun wielen. Zu Klierf gëtt eng däitsch an eng franséisch Sektioun ugebueden. An zu Munneref eng englesch, eng franséisch an eng däitsch Sektioun.

Schouloffer diversifiéieren

D'europäesch Schoule wieren "net besser", wéi déi aner ëffentlech Schoulen. Dat sot den DP-Edukatiounsminister Claude Meisch bei der Presentatioun vum Projet virun engem Joer. Si géifen d'Bildungslandschaft awer erweideren fir den ënnerschiddleche Besoine vun de Schüler méi gerecht ze ginn.

De Romain Martin, geléierten Grondschoul-Enseignant, Psycholog an den Ament Vize-Rekter vun der Uni Lëtzebuerg, verweist an dëser Fro op déi demographesch Entwécklung hei am Land. Hien ass der Meenung, datt déi international ëffentlech Schoulen "een attraktive Modell fir ganz vill Leit ka sinn, déi hei am Land wunnen". De Modell géif senger Meenung no "d'Gesiicht vun der ëffentlecher Schoul e bësse veränneren. Mee veränneren am Sënn vun enger méi grousser Diversitéit." An dat géif der ëffentlecher Schoul dem Romain Martin no "ganz gutt zu Gesiicht stoen".

Déi international ëffentlech Schouloffer wier "eng reell Äntwert op ee ganz klore Besoin". Dat mengt sengersäits den Antoine Fischbach. Hien ass den Direkter vum LUCET, dem lëtzebuergesche Recherche-Zenter, deen d'Bildung hei am Land iwwer de sougenannte Schoulmonitoring evaluéiert. Hie befaasst sech zanter ronn zéng Joer mam Lëtzebuerger Schoulsystem a stellt fest, datt déi gréissten Erausfuerderung d'Gerance vun der Diversitéit hei am Land ass.

Zwee vun dräi nei ageschoulte Kanner schwätzen haut net Lëtzebuergesch als Mammesprooch doheem. Dat ass per se natierlech iwwerhaapt kee Problem. Dat ass awer dann ee Problem, wann deen traditionelle publique System hei vun dräi Kanner ausgeet, déi Lëtzebuergesch schwätzen. Sou wéi dann dat ganzt Sproocheléiere funktionéiert. A mir wëssen eben aus internationalen Etüde wéi Pisa oder dem Monitoring, datt dat mëttel- a laangfristeg iwwer d'Carrière enorme Disparitéiten schaaft an een enormen Equitéits-Problem ass.

Accès op den Aarbechtsmaart méi schwiereg?

D'Enseignants-Gewerkschaft SEW-OGBL hat uganks des Jores kritiséiert, datt Schüler duerch ee manner usprochsvolle Sproochenunterrecht an den internationale Schoule Schwieregkeete kéinten hu fir op den nationalen Aarbechtsmaart ze kommen. Dat gesäit de Romain Martin allerdéngs aneschtes. D'Schüler aus de regulären ëffentleche Schoule hätten nom Ofschloss alleguer ënnerschiddlech Niveauen an de Sproochen.

Wann dir elo eng Schoul hutt, déi deem méi Rechnung dréit, mengen ech just, datt dat dozou féiert, datt dat dat bësse méi visibel mécht, wat awer s.w.s. schonn do ass. A probéiert enger Realitéit vun ënnerschiddlechen Niveaue Rechnung ze droen. Wat d'Employabilitéit ubelaangt, do weisen awer déi meescht Donnéeën dorop hin, datt net d'Sproochenthematik a priori dee limitéierende Faktor ass, mee déi Diplomer, déi dir am Endeffekt kënnt maachen.

Wann d'Schüler encouragéiert géife ginn, fir méi héich Diplomer ze maachen, géife si doduerch dem Romain Martin no méi een einfachen Accès op den Aarbechtsmarché kréien. Dat géif sech ënner anerem um Beispill vun de sougenannte STEM-Kompetenze weisen. Also Kompetenzen an der Science, der Technologie, dem Ingenieurs-Wiesen an der Mathematik. Déi kéint een dem Antoine Fischbach vun der Uni Lëtzebuerg no "eréischt op engem héijen Niveau ausspillen, wann ee virdrun néierens an de Sproochen ee Platten hat". Schüler, déi Affinitéiten an den Zuele méi wéi an de Sproochen hätten, géifen hei am Land senger Meenung no "komplett ënner d'Rieder" kommen. "Dat ass natierlech ëmsou méi dramatesch, wa mir wëssen, datt mir genee déi STEM-Leit an eiser Ekonomie brauchen, a mir ginn déi Leit dann an d'Ausland sichen."

Wonsch fir pädagogesch Innovatioun

Datt déi jeeweileg Unterrechtsprogrammer an den internationale Schoulen zum Deel am Ausland akafe géifen, ass op Kritik gestouss. Den SEW-OGBL huet op déi englesch Programmer an der internationaler Filière am Lycée Michel Lucius verwisen an an dëser Fro vun enger "Privatiséierung" vun der ëffentlecher Schoul geschwat. Déi Kritik kéint hien zum Deel novollzéien, esou de Romain Martin. Datt een am Ufank misst Programmer iwwerhuele wier awer senger Meenung no eng "ganz normal Implementatiounsphas".

De geléierte Psycholog wier awer kontaktéiert gi vun englesch-sproochege Schoulen hei am Land, déi mat der Universitéit zesummeschaffe wollte "fir pädagogesch Innovatioun a curricular Weiderentwécklung ze maachen". Et misst een de Schoulen, déi de Wonsch fir Innovatioun geäussert hunn, Zäit ginn "fir selwer aktiv ze ginn fir déi Innovatioun ëmzesetzen".

Ze fréi fir Konklusiounen

Souwuel de Romain Martin an den Antoine Fischbach si sech eens, datt et am grousse Ganzen elo nach ze fréi wier, fir ze soen, ob de Modell vun den internationalen ëffentleche Schoule sech laangfristeg bewäre kéint. Et leien den Ament nach keng wëssenschaftlech Studien dozou vir. Allerdéngs ginn d'Cyclen 2.1 aus den internationale Schoulen - also Grondschoul-Klassen - nächste Mount an de School monitoring opgeholl, esou den Antoine Fischbach, Direkter vun der zoustänneger Autoritéit op der Uni Lëtzebuerg. Een éischten Impakt vun der internationaler Offer kéint ee méiglecherweis feststellen, wann déi betraffe Schüler de Cycle duerchlaf wieren.

Wichteg ass natierlech och - an dofir brauche mir déi Baseline - datt mir déi Kanner, déi mir an den internationalen ëffentleche Schoulen hunn, mat sougenannte 'statisteschen Zwillingen' aus deenen traditionellen ëffentleche Schoule vergläichen. Dat ass jo déi grouss Fro: Hu Kanner mat der selwechter Ausgangsviraussetzung vläicht da méi ee favorabele Parcours - virun allem wa si net Luxembourgeois de souche sinn - an deem internationale publique System.

Déi national Schülerkonferenz ass der Meenung, datt d'international ëffentlech Schoulen an déi richteg Richtung géife goen a weider ausgebaut sollte ginn. Dat seet de CNEL-President, Kimon Leners. All Richtunge misste senger Meenung no gestäerkt ginn. Mee mat den internationalen Offere géif een an eng Richtung goen, "wou mir aner Problemer kënnen ausschléisse fir de Schüler".

Positiounen an de Wahlprogrammer

D'DP wëllt eng weider europäesch Schoul an der Ëmgéigend vun der Stad Lëtzebuerg bauen. Och déi gréng denken iwwer een Ausbau vun dëser schoulescher Offer no, wann d'Resultater vun entspriechenden Analysen dat encouragéiere géifen. D'LSAP begréisst de Modell vun diversen an internationale Schoulofferen, deen den ënnerschiddleche Besoine vun de Schüler am Kader vun der ëffentlecher Schoul gerecht gëtt. Eng konkret Fuerderung fir den Ausbau vun dësem Modell fënnt een awer am Wahlprogramm net.

Mee net all politesch Parteie si vun den internationalen ëffentleche Schoulen iwwerzeegt. Am CSV Wahlprogramm heescht et, datt "ein vielfältiges Angebot an unterschiedlichen Schulen, an internationalen Ausbildungen alleine kann nicht die Lösung sein." Déi Chrëschtlech-Sozial wëllen dofir de Besoin un internationale Klassen evaluéieren an d'Offer upassen.

Fir d'ADR hunn d'Reformen aus de leschte Jore versot. "Neierdéngs ginn d'Schüler jo no Sprooch a Klassen opgedeelt. Op laang Siicht steet esou d'Kohäsioun vun der Lëtzebuerger Gesellschaft um Spill. D'ADR wäert nëmmen eng eenheetlech ëffentlech Primärschoul organiséieren an d'Kanner net op Grond vun hirer Mammesprooch oder dem Wonsch no enger bestëmmter Unterrechtssprooch opdeelen an trennen."D'Mammesprooch vun de Kanner soll als optionale Cours am Primär an am Secondaire ugebuede ginn, fuerdert d'ADR.

déi Lénk kritiséieren- d'selwecht wéi den SEW-OGBL - eng Privatiséierung vun der ëffentlecher Schoul duerch d'Akafe vu Programmer am Ausland. Si gesinn doran eng "geféierlech Entwécklung". déi Lénk wëllen "ein öffentliches Angebot internationaler Ausbildungsprogramme schaffen, um die Einmischung von privaten Ausbildungsunternehmen in die Organisation der öffentlichen Schule zu verhindern." Eng international Ausbildung misst deene Lénken no op Kanner beschränkt ginn, deenen hir Elteren aus beruffleche Grënn nëmme fir kuerz Zäit am Land sinn. A fir Schüler, déi nei ukomm sinn a kee Lëtzebuergesch kënnen.

D'KPL, d'Piraten an déi Konservativ ginn an hire Wahlprogrammer net direkt op déi international ëffentlech Schouloffer an. D'Pirate fuerderen allerdéngs e moduläre Schoulsystem an deem d'Schüler, onofhängeg vun hire Sproochkompetenzen, Wahlmoduler beleeë kënnen.