Radioen

On air

Notturno  |  Nicool - Plakeg Feat. Momma Merlin

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Reform aus der Vergaangenheet?

Mediechronik

Eng Reform aus der Vergaangenheet?

D'Copyright-Reform ass gestëmmt, trotz groussem Widderstand aus der Gesellschaft. D'Kritiker hunn oft behaapt, d'Reform géif den Internet zwanzeg Joer no hanne geheien. Ass dat esou? Jiddwerfalls profitéiere virun allem Leit vun der Reform, déi den Internet vun haut net méi representéieren.

auto_stories

2 min

Matthias Kirsch

D'Copyright-Reform versprécht nees eng Balance hierzestellen: Tëscht deene Léit, déi am Internet Contenu produzéieren - Kreativer, Kënschtler, Auteuren - an deene Léit, déi domat Sue verdéngen, also un éischter Linn Google a Facebook. Dat ass u sech positiv an deementspriechend zefridde sinn och eng ganz Réi Leit aus de betraffene Branchen.

Allerdéngs: Mat dëser Copyright-Reform gi vill Deeler vum Netz getraff, déi net profitéieren. Wéi de Markus Beckedahl, Chefredakter vu netzpolitik.org an engem Kommentar schreift: "Et gouf mat der Schroutflënnt op Youtube geschoss, an dobäi den hallwen Internet mat getraff." Well d'Reform sech eben net un all déi kleng Leit riicht, déi all Dag Contenu produzéieren, ganz oft ouni et ze wëssen. Schließlich si mer alleguer Auteure ginn.

Traditionell Gewënner?

Besonnesch di groussen Zeitungen a Verlagshaiser hu mat der Copyright-Reform och eppes gewonnen. Datt Google oder Facebook mat Reklammen, déi se an der Géigend vu journalisteschem Contenu platzéieren, vill Sue verdéngen a näischt dovunner ofginn, dierft sech an Zukunft veränneren. Datt di grouss US-Tech-Giganten hei eng op den Deckel kréien an a gewëssene Saache reguléiert ginn, schmaacht villen - nenne mer et traditionellen - Medienhaiser gutt.

Mee genau do läit dach de Problem: D'Copyright Reform assuméiert dach, datt et just e klénge Krees Leit gëtt, déi hir droits d'auteurs schütze muss. Mir sinn awer mëttlerweil alleguer zu sougenannten "content producers" ginn, andeems mer am Internet posten, egal op Text op engem Blog oder Fotoen a Memes op sämtleche Sitten.

Vun der Copyright-Reform wäerten eng Rei Leit profitéieren. All déi, déi hire Contenu professionell am Internet publizéieren. Verlagshaiser, Schrëftsteller, Museker zum Beispill. Dat ass och gutt esou an et sief hinne gegënnt.

Mee si si just nach e klenge Grupp. E klenge Grupp aus enger Zäit, déi net méi aktuell ass.