Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Seelbunn fir Esch?

Infrastruktur

Eng Seelbunn fir Esch?

Esch-Uelzecht denkt dru fir eng Seelbunn ze bauen: Déi Bunn soll tëschent dem Zentrum vun der Minette-Metropol an Esch-Belval zirkuléieren, esou den Escher Kulturschäffe Jean Tonnar. Et wéilt een dat aalt Esch mat deem neien Esch verbannen.



auto_stories

1 min

Kritt Esch-Uelezcht eng Seelbunn? Foto: Bigstock / Oksana Byelikova

D’Seelbunn soll hëllefe fir dem grousse Verkéiersproblem Meeschter ze ginn, esou den Escher Kulturschäffen. Den Jean Tonnar schwätzt vun enger "super Iddi". Eng Seelbunn wier senger Meenung no déi eenzeg Léisung, fir de Lien tëschent Esch an Esch-Belval ze maachen.

Den Ament géif eng Machbarkeets-Etude fir de Projet vun der Seelbunn realiséiert ginn. Am Laf vun den nächste Méint soll d’Resultat virleien. Dem Jean Tonnar no wéilt een ee Site fannen, iwwert deen d’Seelbunn kéint verlafen: Si soll net iwwer Haiser zirkuléieren.

Bei der Machbarkeets-Etude soll gepréift ginn, ob eng Seelbunn zu Esch technesch, finanziell an a Saachen Effizienz méiglech ass, dat heescht zum Beispill wéi vill Leit kënnen transportéiert ginn a wéi sécher esou eng Bunn wier, huet den Escher Infrastruktur-Schäffen Henri Hinterscheid eis gesot. Nieft der Distanz vu ronn zwee Kilometer tëschent dem Zentrum vun Esch an Esch-Belval, géif och dru geduecht gi, fir de Site vum neie Süd-Spidol beim Kreesverkéier Raemerech mat unzebanne grad wéi eventuell d’Industrie-Friche Esch-Schëffleng. Generell géif et dorëm goe fir de Stroossereseau z’entlaaschten.

Esch-Uelzecht kandidéiert fir am Joer 2022 europäesch Kulturhaaptstad ze ginn.


Eng Seelbunn fir Esch?play_arrow