Chambre de Commerce Eng Strategie bis 2025

De Luc Frieden, neie President vun der Chambre de Commerce, wëllt d'Qualifikatioun an d'Formatioun vun de Mataarbechter an de Fokus setzen. Eng Fusioun vun Handels- an Handwierkerkammer wier keen Thema. Op enger Pressekonferenz huet hien op d'Joer 2018 zeréckgekuckt an d'Strategie presentéiert, vun där d'Chambre de Commerce sech bis 2025 an hirer Aktioun wëllt guidéiere loossen.

Maurice Molitor / cbi

Chambre de Commerce

De Luc Frieden mécht et gär didaktesch. Dat huet e schonn als Politiker esou gehandhaabt, an déi Gewunnecht huet hien a senger neier Roll och net verluer. Ganz an deem Sënn huet den neie President seng Ausféierungen dofir och ugefaange mat enger Beschreiwung vun deem, wat d'Chambre de Commerce duerstellt an deem, wat se vun der UEL, der Unioun vun den Entreprisen ënnerscheet.

E Sproochrouer vun 90.000 Entreprisen

D'Handelskammer, dat sinn 90.000 Entreprisen, déi 75 Prozent vun den Aarbechtsplazen an souguer 80 Prozent vum PIB hei am Land ausmaachen. Domat wier se dat offiziellt Sproochrouer "vun all deenen Entreprise vis-à-vis vun der Ëffentlechkeet, vis-à-vis vum Staat", schlussfolgert de Luc Frieden.

D'UEL wier net per Gesetz geschaaft ginn, mee wier eng Vereenegung, déi sech op dräi Sujete limitéiere géif: Aarbechtsrecht, Sécurité sociale a Fiskalitéit, gëtt vun der Chambre de Commerce awer ganz staark ënnerstëtzt, och finanziell.

D'Chambre de Commerce soll méi visibel ginn

De Luc Frieden ass eréischt e Mount President vun där Chamber, hie wär am gaange sech en Iwwerbléck ze verschafen, sot hien. Hien hätt scho vill mat Entreprise geschwat, an sou lues géif him kloer ginn, wéi eng Elementer d'Aktioun vun der Handelskammer an den nächste Jore misste bestëmmen: d'Qualifikatioun an d'Formatioun vun de Mataarbechter, dann de Volet kënschtlech Intelligenz, Robotik, Blockchain an drëttens den internationalen Developpement vun de Betriber.

Dat alles géif viraussetzen, datt seng Institutioun an Zukunft e bëssen anescht géif optriede wéi bis elo. Hien hätt gär, datt d'Chambre de Commerce visibel ass an net nëmme ganz wichteg Avisen zu Gesetzesprojete géif schreiwen, "mee dat ass eng Aarbecht, déi vläicht net ëmmer an d'Aktualitéit géif kommen." Et géifen nach vill aner ekonomesch Sujete ginn, op deenen d'Chambre de Commerce an den nächste Jore wéilt present sinn, seet de Luc Frieden.

Den Entreprisen e komplette Service ubidden

D'Chambre de Commerce hätt nämlech eng wichteg Roll am ëffentlechen Debat ze spillen, sou hire President, ouni dobäi hir Missioun an der Hëllef fir d'Entreprisen ze vernoléissegen, natierlech. Do stécht besonnesch d'House of Entrepreneurship ervir, e sougenannten "one-stop-shop", wou d'Betriber op enger Plaz eng ganz Rei Informatioune kënne kréien an Demarchë kënne maachen, an dat ouni wäit mussen ze lafen. Haut scho si 25 Partner do present.

An de Staat wier am gaangen z'iwwerleeën, ob e seng Präsenz, déi en do schonn huet, net weider verstäerke sollt. De Mëttelstandsminister Lex Delles fënnt, datt "et wierklech Sënn mécht do derbäi ze sinn". Dat wier am Endeffekt fir dem Client, "wat an dësem Fall d'Entreprise selwer ass, och kënnen dee komplettste Service, deen ee brauch, unzebidden".

De Betriber hëllefen e Prêt ze kréien

An enger ähnlecher Optik huet d'Chambre de Commerce rezent och ee Service reforméiert: hir sougenannt Mutualité de Cautionnement, déi déi néideg Garantië ka ginn, wann e Betrib e Prêt bei enger Bank wëllt kréien.

De Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Handelskammer, huet präziséiert, datt de Montant heivir vu 50.000 Euro op 250.000 Euro an d'Luucht géif goen. "Dat ass wichteg, well elo kënnen esouwuel innovativ Betriber gehollef kréien, wéi awer och Betriber, déi en Investissement immobilier maache wëllen". D'Croissance-Tauxen an deem Beräich wiere spektakulär, seet hien. Et schéngt deemno, wéi wann et do e reelle Besoin géif ginn.

Eng Fusioun vun Handels- an Handwierkerkammer wier am Moment keen Thema. De Luc Frieden sot, hien hätt awer scho mam President vun der Chambre des Métiers eng ganz enk Zesummenaarbecht ofgemaach, zum Beispill - mee net nëmmen - a Form vu gemeinsamen Avisen zu legislativen Texter.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Luc Frieden
Chambre de Commerce

Den neie President vun der Chambre de Commerce Luc Frieden dierf weiderhin als Affekot schaffen. Dat seet de Bâtonnier vum Barreau, de François Kremer. De Luc Frieden hätt keng exekutiv Funktioun.

Luc Frieden
Chambre de Commerce

De Luc Frieden mengt net, datt seng parteipolitesch Vergaangenheet e Problem ass, fir President vun der Chambre de Commerce ze sinn. Hie wéilt sech zu Sujeten äusseren, mee keng politesch Commentaire maachen.

Luc Frieden an Etienne Schneider
Chambre de Commerce

De fréieren CSV-Minister Luc Frieden ass neie President vun der Chambre de Commerce. Et ass déi éischte Kéier, datt e Vertrieder vum Finanzsecteur President vun der Beruffschamber gëtt.

Robert Dennewald
Chambre de Commerce

"De Luc Frieden ass kee vun eis", seet de Robert Dennwald. Hien ass net zefridde mat der Manéier, wéi de Luc Frieden an d'Gespréich bruecht gi wier, fir neie President vun der Chambre de Commerce ze ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen