Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng strukturell Verbesserung

Europawahlen 2019

Eng strukturell Verbesserung

A knapp dräi Méint sinn Europawahlen. D'Mediecampagne vun RTL an 100,7 wäert anescht geregelt sinn, wéi dat bei fréiere Chamber-, Gemengen-, oder Europawahlen de Fall war. Fir d'éischte Kéier soll den onofhängege Superviseur ALIA fir d'Iwwerwaachung vun der Mediecampagne zoustänneg sinn. Den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck mat Erklärungen.

auto_stories

3 min

Den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck hat kritiséiert, datt de SIP bei de Chamberwahlen d'Mediecouverture iwwerwaacht huet. Foto: Archiv.

Jean-Claude, d'Chefredaktioun vun dësem Radio huet den ale System, sou wéi en nach bis zu de Chamberwahlen zejoert gegollt huet, kritiséiert. Ass et dann elo positiv, datt d'ALIA fir d'Mediecampagne zoustänneg gëtt?

Jo, dat ass eng kloer strukturell Verbesserung an der Manéier, wéi mir d'Onofhängegkeet vun de Medie gesinn. D'Regierung huet eis Kritik héieren, a reagéiert. Mir begréissen dat. D'ALIA gouf gefrot fir d'Supervisioun ze iwwerhuele vun deem, wat de radio 100,7 an RTL Radio an Tëlee während der Campagne vun den Europawahle maachen.

Wéi war et dann nach de leschten Oktober fir d'Chamberwahle gereegelt?

Virdru waren de SIP (Service Information et Presse) zoustänneg an och d'Parteien hu matgeschwat. De SIP ass Verwaltung, ënnersteet der Exekutiv, an dat ass schonn u sech problematesch, well als ëffentlech-rechtleche Radio kënne mir net vun der Exekutiv an eisen editoriale Contenu dra geschwat kréien.

Wéi ass dat dann an der Praxis ofgelaf?

Mir hate Reunioune beim SIP a mat de Parteien, woubäi net ëmmer all d'Parteien invitéiert goufen, mee heiansdo just déi, déi am Parlament vertruede sinn. An dëse Versammlunge gouf verhandelt: Wéi vill Spotten dierfen d'Parteien um Radio an op der Tëlee senden? Wéi vill Table rondë sollen organiséiert ginn? Wien decidéiert, wéi eng Politiker op deenen Table rondë sinn?

D'Parteien an de SIP hunn do aktiv iwwer Contenu matgeschwat, deen an der Responsabilitéit vun de Medie läit. Am Mee zejoert hu mir en neie System verlaangt, mir hu gefrot, datt en onofhängegt Organ wéi d'ALIA fir d'Kontroll vun der Mediecampagne zoustänneg gëtt. Dat ass dat, wat d'Regierung dann elo och decidéiert huet.

Elo ass d'ALIA also zoustänneg: Wéi soll dat konkret oflafen?

Mir als radio 100,7 schaffen e Konzept aus, dat mir der ALIA virun de Wahle presentéieren. Dora soe mir:

  • Wéi eng Formater mir wëlle realiséieren, vu Reportagen iwwer Diskussiounsronnen, Portraiten oder Face-à-facen
  • Wéi mir dofir suergen, datt all d'Parteien, déi fir d'Wahlen untrieden, fair behandelt ginn
  • Fir eis gëllt de Prinzip: an enger Wahl si kleng a grouss Parteie gläich a ginn d'selwecht behandelt

D'ALIA kuckt sech dat un a seet, ob dat fir si an der Rei ass oder net. Während der Campagne kuckt d'ALIA, ob mir eis drun halen. D'Fro stellt sech, ob d'ALIA mat véier bis fënnef Mataarbechter genuch Moyenen huet fir dat wierklech am Fong ze maachen. Et wier scho wënschenswäert, datt dat mëttelfristeg méiglech wier. Parteie kréien d'Méiglechkeet d'ALIA ze saiséieren, wa si mat eppes net averstane sinn.

Sinn dann all d'Modalitéite gekläert?

Déi grouss Prinzipie jo, elo geet et drëm an der Praxis ze kucken, wéi et bei der éischte Kéier fonctionnéiert, an da muss een e Bilan zéien. Besser wier awer eigentlech och nach, wann all déi audiovisuell Medie sech géifen drun halen: Ech gesinn net an, datt déi redaktionnell Couverture vum Wahlkampf um ëffentlech-rechtleche Sender radio 100,7 an dem gréisste Privatsender RTL iwwerwaacht gëtt, an datt dat net fir aner Sendere wéi den Eldoradio soll gëllen. Mee wat net ass, ka jo nach kommen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.