Déi aktuell Gewiichtung tëscht den dräi Fakultéiten an den interdisziplinären Zentere wier gutt balancéiert. Hie wéilt hir Budgeten net fundamental nei verdeelen. De Stéphane Pallage, deen zanter sechs Méint Rektor ass, huet d'Wichtegkeet vun de Geeschteswëssenschaften op der Uni ënnerstrach.
Gläichzäiteg sot hien, datt den digitalen an ICT-Beräich an Zukunft sollt ausgebaut ginn. D'Collaboratioun tëscht dem Rektorat an den Doyene vun de Fakultéite wier wierklech gutt, esou de Rektor. An hie wär och zefridde mam Commissaire de gouvernement, deen de Staat am Conseil de gouvernance vertrëtt.
Eng vun de weltwäit beschten Universitéiten
"Ma vision c'est l'excellence", seet de Stéphane Pallage. "Ech wëll, datt d'Universitéit exzellent an der Recherche ass, datt se exzellent an allen Dimensioune vun hiren Aufgaben ass, an der Léier och. Mir wäerten un der Qualitéit vun der Ausbildung, déi mir maachen, schaffen."
Et wéilt een och exzellent an de Servicer sinn, dat heescht och an der interner Administratioun. "D'Visioun ass fir eng vun de beschten Universitéiten op der Welt ze ginn, an ech mengen dat ass méiglech."
Ënnert dem viregte Rektor Rainer Klump gouf et Problemer an der Finanzgestioun vun der Uni. Am 4-Joresplang bis 2021 sinn insgesamt 766 Milliounen Euro fir d'Uni vum Staat virgesinn.