Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Claire Parsons - Ursa Major

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng Websäit fir detailléiert Informatiounen iwwer de Bësch

fichierecologique.lu

Eng Websäit fir detailléiert Informatiounen iwwer de Bësch

Mat der neier Applikatioun "Fichier écologique" kënne Bëschbesëtzer op Grond vum Standuert, dem Buedem oder der Bewässerung Rotschléi fir adaptéiert Beem kréien. D'Zil ass et de Bësch un d'Erausfuerderunge vum Klimawiessel ze adaptéieren, seet d'Carole Dieschbourg am 100,7-Interview.

auto_stories

2 min

D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg am 100,7-Studio. Foto: Archiv

De ganzen Interview mat der Carole Dieschbourg lauschterenplay_arrow


D'Applikatioun FichierEcologique gouf zesumme mat de wallouneschen Universitéite vu Louvain a Léck, mat der belscher an der Lëtzebuerger Natur- a Bëschverwaltung ausgeschafft, erkläert d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. Déi fir Lëtzebuerg typesch Situatioun a Konditioune goufen agebaut.

D'Carole Dieschbourg ënnersträicht, datt d'Bëscher wéinst der Klima-Kris enorm ënner Drock stinn. "Mir mussen oppassen, datt mer ugepasste Beem op déi jeeweileg Standuerter setzen."

Dofir bräicht et vill Informatiounen an ee grousst Wëssen. Déi nei Applikatioun FichierEcologique géif um Wëssen opbauen, wat déi lescht fënnef Joer an der Wallonie erschafft ginn ass. Esou wéilt een d'Bëschbesëtzer sou gutt wéi méiglech informéieren.

Websäit ass och fir Laien interessant

D'Applikatioun ass och fir jiddwereen zougänglech, preziséiert d'Carole Dieschbourg am 100,7-Interview. Et kann een am Detail nosichen, wéi de Buedem an enger Regioun oder um Terrain selwer zesummegesat ass. Dofir kann een op enger dynamescher Kaart era zoomen, säin Terrain a Standuert sichen.

"D'Applikatioun huet och vill Méiglechkeeten, well ee ganz vill ka vergläichen, an da kann een zum Beispill zwee Beem auswielen, an et kritt een och d'Virdeeler presentéiert. Dat heescht et ass och fir Net-Experten, déi ee Stéck Bësch hunn, interessant. Si kënnen sech da froe wéi ee Bam ee kann dohinner setzen."

D'Applikatioun géif engem "ganz einfach erklären", wat een op sengem Terrain maache kéint, esou d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.