Radioen

On air

Metal Meltdown  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng wëssenschaftlech Etüd iwwer Long-Covid

Pandemie

Eng wëssenschaftlech Etüd iwwer Long-Covid

Zënter e puer Woche gëtt hei am Land eng speziell Behandlung fir sougenannte Long-Covid-Patienten ugebueden. A geschwënn leeft och e wëssenschaftleche Projet an dësem Beräich un. Bei der sougenannter CoValux-Studie soll de Luxembourg Institute of Health, den LIH, Donnéeë vun de betraffene Patienten auswäerten.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Wéi eng Donnéeë gi bei der CoVaLux-Etude iwwerhaapt zesummegedroen a wat erhofft een sech konkret vun hirer Auswäertung? Den Dokter Guy Fagherazzi vum LIH erkläert:

"L'étude va se focaliser sur le télémonitoring - donc le suivi à distance de ces patients qui sont vus dans ces consultations Long-Covid. L'idée étant d'avoir une meilleure visibilité de ce qui se passe entre ces consultations, de mieux comprendre comment la maladie est perçue par le patient et comment les symptômes évoluent grâce aux consultations et grâce au suivi qui est proposé par ce réseau de consultations."

Iwwer de Long-Covid-Projet bei deem de Stater CHL, de Rehazenter, de Munnerëffer Domaine Thermal an den Ettelbrécker CHNP zesummeschaffen, ginn déi néideg Donnéeë gesammelt.

Finanzéierung fir dräi Joer garantéiert

Sougenannten Data-Manager setzen se da statistesch a Form fir datt Chercheuren se auswäerte kënnen. Dëst Risikofacteuren ze identifizéieren, Symptomer ze studéieren an ze beschreiwen an hir Evolutioun ze verfollegen.

D'Resultater vun dësen Analyse sollen an internationale wëssenschaftleche Publikatioune verëffentlecht ginn. Lëtzebuerg wier zwar e klengt Land, mee dat géif seng Recherchen net manner pertinent maachen, esou den Dokter Guy Fagherazzi:

"Le Luxembourg a l'avantage de ses inconvénients. C'est certes un petit pays au niveau de l'Europe mais on a une certaine agilité et flexibilité qui nous a permis par exemples très tôt dans la pandémie de mettre en place des cohortes et des études assez uniques dans le monde pour suivre à la fois l'impacte de la pandémie dans la population générale mais aussi chez des patient qui ont été infectés par Sars-Cov-2 et qui ont eu la maladie Covid-19."

D'Finanzéierung vun der CoValux-Studie ass fir dräi Joer garantéiert, soubal den Avis vum Ethikrot do ass wäert se dann och ulafen.