De Wilhelm-Alexander ass selwer Pilot a flitt regelméisseg fir d'KLM. Dës Kéier wäert hien awer net selwer hannert dem Steier sëtzen - hien dierf nämlech just mat enger Boeing 737 fléien, an d'KLM flitt net mat deem Modell op Lëtzebuerg. An awer huet d'Visitt vum hollännesche Kinnek eng grouss Bedeitung. Et ass nämlech déi éischt Staatsvisitt, zanter datt de Wilhelm-Alexander 2013 als Nofolger vun der Kinnigin Beatrix op den Troun koum. Deementspriechend wichteg ass d'Visitt vun engem Land, mat deem Lëtzebuerg e gudden Deel vu senger Geschicht deelt.
De lëtzebuerger Ambassadeur zu den Haag, Jean-Marc Hoscheit, ënnersträicht, datt d'bilateral Relatioun mat Holland eng enorm wichteg ass, déi och op eng gemeinsam Geschicht fundéiert ass. Besonnesch am 19te Joerhonnert hätt dës Relatioun eng ganz essentiell Roll gespillt, wéi Lëtzebuerg onofhängeg ginn ass.
E wichtege wirtschaftleche Partner
Et ass fir d'zweet, datt de Jean-Marc Hoscheit Botschafter an Holland ass, an hie kennt déi zwee Länner, Lëtzebuerg an Holland, deementspriechend gutt. Déi zwee Länner géif net nëmmen en ähnleche Fändel oder eng gemeinsam Geschicht verbannen, seet hien. Holland wier de véiert gréisste Partenaire wann et ëm Exporter wéi och Importer geet, et wier also e ganz wichtege wirtschaftleche Partner.
Et ass also keen Zoufall, datt och eng gréisser wirtschaftlech Delegatioun bei dëser Staatsvisitt dobäi ass. 27 hollännesch Betriber mat Spezialisatioun op d'Kreeslafwirtschaft komme mat, a während de Kinnek sech de Site um Belval ukuckt, sinn d'Vertrieder an der Chambre de Commerce fir e séminaire économique.
Kreeslafwirtschaft als Strategie
Fir d'Stientje van Veldhoven, Staatssekretärin fir Infrastruktur a Waasserverwaltung a verantwortlech fir d'Kreeslafwirtschaft an Holland, ginn et vill Beréierungspunkten tëscht den zwee Länner. Et wier wichteg, fir um europäeschen an internationale Plang z'ënnersträichen, datt de Wandel zu enger Kreeslafwirtschaft strategesch wichteg wier. Béid Länner géife sech esou no stoen, datt sech de materielle Kreeslaf kéint schléissen. Béid Länner hätten Erfahrung, wann et ëm Recycling geet, an do wéilt een Erfahrung austauschen, an zesummeschaffen.
Holland huet sech d'Kreeslafwirtschaft op de Fändel geschriwwen, a wëll seng ganz Ekonomie bis 2050 komplett ëmstellen. Duerfir ginn den hollännesche Kinnek an d'Wirtschaftsdelegatioun zesumme mam Transport- an Infrastrukturminister François Bausch (déi gréng) de multimodale Site vun der CFL zu Beetebuerg besichen. Vläicht kënne si do jo eppes vun eis léieren.