Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Herbie Hancock - Watermelon Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Léisung am Sozialsecteur a Siicht

Sozialkonflikt

Léisung am Sozialsecteur a Siicht

Ass den zéngten Dag vum Sozialkonflikt am Fleegesecteur dee leschten? Haut wäert de Sozialminister Romain Schneider dem Regierungsrot eng Rei Léisungsvirschléi presentéieren, iwwer déi hie virgëscht mat der COPAS - dem Daachverband vun de Hëllefs- a Fleegedéngschter diskutéiert huet. Et geet drëm en Auswee aus där ablécklecher Situatioun ze fannen, déi jo dohier kënnt, datt an eenzelen Haiser Leit mat ënnerschiddleche Kontrakter schaffen, déi ënner verschidde Kollektivverträg falen.

auto_stories

3 min

Marc Fischbach

De Sozialminister Romain Schneider hätt agesinn, datt de Sozialkonflikt am Fleegesecteur net ouni Finanzéierungsgarantie vum Staat ze léise wier. Dat seet de President vun der COPAS, dem Daachverband vun den Hëllefs- a Fleegedéngschter, de Marc Fischbach. Dofir gleeft hien och drun, datt am Regierungsrot haut eng Decisioun an deem Sënn geholl gëtt. Ob dat gläichzäiteg bedeit, datt de Streik am Secteur haut op en Enn geet, doriwwer wollt de Marc Fischbach kee Pronostic maachen.

Haut ass den zéngten Dag vum Sozialkonflikt am Fleegesecteur: De Sozialminister Romain Schneider misst dem Regierungsrot de Mueren normalerweis eng Rei Léisungsvirschléi presentéiert hunn - sou war et ugekënnegt.

De Kär vum Problem ass, datt an de Fleegeheimer Leit mat ënnerschiddleche Kontrakter schaffen: déi meescht (wäit iwwer 10.000) hunn en SAS-Vertrag. Déi, déi scho méi laang am Secteur schaffen (ronn 700 sollen dat der sinn), hunn nach dee méi favorabele (FHL)Spidolskontrakt. An déi sinn elo am Streik, well si d'Verbesserungen, déi zejoert fir de Spidolssecteur ausgehandelt goufen, och wëlle kréien - souguer wann hir Patronen do guer net mat um Verhandlungsdësch souzen. Dat ass fir d'COPAS inacceptabel, seet de Marc Fischbach.

"Mir sinn och der Meenung, datt mir ganz grouss Chancen hu Recht ze kréien, wann een dee Konflikt virum Riichter géif ausdroen"

Beetebuerger Fleegeheemsdirektioun huet Bestriewunge Kontrakt unzefechten

Firwat konnt dann zu Bartreng eng Léisung fonnt ginn, an zu Beetebuerg net? Well zu Bartreng esou vill Leit mat Spidolskontrakt schaffen, datt d'Haus ouni si net hätt fonctionéiere kënnen. Den Accord wier also ënner der Contrainte zustane komm.

D'Direktioun vum Beetebuerger Fleegeheem wier awer am Gaang ze iwwerleeën, fir d'Legalitéit vun deem Vertrag unzefechten, seet de Marc Fischbach.

"Si hunn dee Pabeier scheinbar ënnerschriwwen, da kënne se en net méi réckgängeg maachen, mee si kënnen en ufechten, wann de Beweis erbruecht ass, datt et net de fräie Wëlle vum Prestataire gewiescht ass, fir esou ee Vertrag ze ënnerschreiwen a mat ze droen."

"Fauxpas vum Aarbechtsminister"

Schaarf Kritik gouf et dann um Aarbechtsminister Nicolas Schmit, dee war de leschte Samschdeg jo op Beetebuerg gefuer, fir do seng Solidaritéit mat de Grévisten auszedrécken.

Och dat hätt hien an engem gewësse Moss iwwerrascht. Den Aarbechtsminister wier, dem Gesetz no, u sech déi iewegst Schlichtungsinstanz. Den Aarbechtsminister misst sech deemno onparteiesch verhalen. "An dat war hei manifestement net de Fall", sou de Marc Fischbach.

"Wann dat stëmmt, wat mir zougedroe gouf, dann huet den Aarbechtsminister do sécherlech e Fauxpas gemaach. Hien hätt wéinstens missen de Moment notzen, fir och mat den zoustännege Prestatairen ze schwätzen."

Generell hofft de Marc Fischbach, datt et net méi ze justifizéieren an net ze acceptéiere wier, datt Leit, déi eng ähnlech Aarbecht maachen - just eben op verschiddenen Institutiounen - ënnerschiddlech géife bezuelt ginn.

De Marc Fischbach fënnt et och net selbstverständlech, datt d'Mataarbechter mat FHL-Vertrag bis elo solidaresch sinn. "Ech sinn awer och voller Respektiv fir déi Leit, déi dat sou gesinn. Dat Wuert Solidaritéit huet ni eng negativ Konnotatioun", sou nach de Marc Fischbach.