Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Parquet Courts - Tenderness

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ënnerschiddlech Primme beim Staat

Fonction publique

Ënnerschiddlech Primme beim Staat

Beim Primmesystem ginn et gréisser Ënnerscheeder tëschent de Verwaltunge beim Staat. Dat huet eng Etüd rezent gewisen. Am Ganze goufen an der Etüd 232 verschidde Supplementen an Indemnitéiten festgehalen.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


D'Fonctionnairen hunn een Duerchschnëttsakommes, dat bei ronn 8.700 Euro läit. Derbäi kënnt eng Allocatioun fir de Chef de famille, déi ronn d'Hallschent vun de Fonctionnairë kréien, plus d'Iessenszoulag vun 204 Euro de Mount.

An deem Montant ass och den 13. Mount mat abegraff. Do, wou et komplizéiert gëtt, dat ass wann een déi verschidden Accessoires suppléments betruecht.

Verschidden Indemnitéiten a Primmen

Indemnitéiten, déi ee kritt, hänke vun der Missioun of: esou kréie Persounen, déi eng Astreinte hunn, also eng Permanence vun doheem aus mussen assuréieren, och eng speziell Primm.

Derbäi kommen och speziell Primmen, déi een de Verwaltungen no kritt, well een zum Beispill eng Gratifikatioun kritt, oder well een eng spezifesch Formatioun, ewéi zum Beispill an der Fiskalitéit absolvéiert huet.

Och aner Supplemente kommen a Fro, wann de Beamten eng aner Missioun huet, déi net direkt mat sengem Posten ze dinn huet, ewéi Leit, déi Member sinn an engem Jury, oder nach an engem Syndikat, dee eng ëffentlech Missioun huet.

Allerdéngs muss déi Remuneratioun och vun der Hierarchie geneemegt ginn.

Ënnerscheeder tëschent de Verwaltungen

Am Ganze goufe beim Staat 232 verschidde Supplementen an Indemnitéiten an där aktueller Etüd identifizéiert. Eng 62 Prozent vun de Beamte kommen an de Genoss vun esou enger Indemnitéit.

D'Ënnerscheeder sinn awer grouss. Deemno ëm wéi eng Verwaltung et sech handelt, sinn tëscht 100 Prozent an 48 Prozent vun de Beamte concernéiert. Am Prisong zum Beispill huet all Agent ee Recht op eng Indemnitéit. An de Ministèrë par konter sinn et am Duerchschnëtt just nach 22 Prozent.

Wéi den Accord salarial an der Fonction publique 2016 tëscht dem Staat an der CGFP verhandelt gouf, gouf och festgehalen datt eng Etüd iwwer déi verschidde Primme realiséiert géif ginn.

Déi Etüd wäert et erméigleche méi Transparenz ze schafen, an deen Ament och Moossnamen ze ergräife fir d'Mobilitéit tëschent de Verwaltungen ze vereinfachen.