Am Fall vun enger militärescher Eskalatioun vun der Ukrain-Krise wier eng zentral Fro déi, wéi eng Konsequenzen dat och op de Gas-Marché hätt, esou den Erik von Scholz. Technesch wier et méiglech fir méi Flësseggas anzekafen an domat den Undeel vum russesche Gas ze reeduzéieren.
"Die Import-Kapazitäten a Flüssiggas entspricht derzeit mehr als der Hälfte des Gasverbrauchs in Europa. Das hätte aber erhebliche Auswirkungen auf die Preise, die ohnehin schon sehr hoch sind."
Dat och well d'Gas-Späicheren an Europa de Moment nëmmen zu 35 Prozent gefëllt sinn: virun engem Joer ware se dat zu knapp 50 Prozent. Esou eng Entwécklung hätt zu de méi héije Präisser bäi gedroen. Hie wënscht sech, datt d'Späichercapacitéiten an Europa an Zukunft erëm besser ausgelaascht géife ginn, sou den Erik von Scholz.
D'USA hunn ugekënnegt, Europa bei enger méiglecher Reduktioun vu russesche Gasliwwerunge wëllen z'ënnerstëtzen, fir d'Versuerungssécherheet ze garantéieren a fir Präis-Schocken ofzefiederen.
D'Fro vun der Nord Stream 2 Gaspipeline bleift aktuell
Moskau sengersäits huet ugekënnegt, datt Russland och bei eventuellen neie Sanktioune vum Westen, weider Gas an Europa soll geliwwert ginn. Och a Krisenzäiten hätten d'Russe bis elo ëmmer hir Verträg agehalen, seet dozou den Erik von Scholz. Hie kéint awer net aschätzen, wéi déi Zousécherung sech géif änneren, wann d'EU weider Sanktioune géint Russland géif op de Wee bréngen.
Wat d'Gaspipeline Nord Stream 2 ugeet, wier eng Fro déi, wéi Russland reagéiert, wann et dës net kéint bedreiwen. Da géif sech och d'Fro stellen, ob Russland seng Gasliwwerungen an Europa wäert reduzéieren, esou de Generaldirekter vun Enovos Lëtzebuerg.