Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Enrico Lunghi wëll kloen

MUDAM

Enrico Lunghi wëll kloen

Den Enrico Lunghi wëllt eng Plainte wéinst Diffamatioun géint d’Auteurë vum RTL-Telés-Bäitrag vum 3. Oktober maachen. Dat huet den Nach-Generaldirekter vum MUDAM an engem Bréif ugekënnegt, deen hien de 6. November un den "International Committee for Museums and Collections of Modern Art" (CIMAM) geschéckt huet.

auto_stories

4 min

Enrico Lunghi (Archivphoto radio 100,7)

Den Enrico Lunghi wëllt eng Plainte wéinst Diffamatioun géint d’Auteurë vum RTL-Telés-Bäitrag vum 3. Oktober maachen. Dat huet den Nach-Generaldirekter vum MUDAM an engem Bréif ugekënnegt, deen hie gëschter un den "International Committee for Museums and Collections of Modern Art" (CIMAM) geschéckt huet: E Schreiwes, aus deem d’Lëtzebuerger Wort haut zitéiert an dat och dem radio 100,7 virläit. Am Bréif confirméiert den Enrico Lunghi, datt hie säin Direkteschposten Enn 2016 opgëtt. Hie kéint d’Violatioun vu senger Éier a senger Reputatioun net acceptéieren.

Interviewen dierf den Enrico Lunghi de Moment keng ginn. Wéinst der Disziplinar-Prozedur, déi nach am gaangen ass, ass dat him net méiglech. De Regierungs-Kommissariat, deen zoustänneg fir disziplinaresch Instructiounen ass, huet dem radio 100,7 vis-à-vis betount, et wier am Interessi vun der Serénitéit vun der Prozedur, datt keng Säit sech ëffentlech äussert. Dës Prozedur soll an den nächste 14 Deeg clôturéiert ginn.

Keng Ënnerstëtzung

Den 28. Oktober hat den Enrico Lunghi säin Demissiouns-Bréif un d’Presidentin vum MUDAM-Verwaltungsrot, d’Prinzessin Stéphanie geschéckt. De radio 100,7 hat d’Informatioun vu senger Demissoun public gemaach. A sengem Bréif resuméiert den Enrico Lunghi a senger Siicht wat geschitt ass, beim an no dem an der Tëschenzäit berühmten Interview mat der RTL-Mataarbechterin Sophie Schram.

Zënter der Diffusioun vum Bäitrag an der RTL-Emissioun "Den Nol op de Kapp" den 3. Oktober kéint hien net mam selweschten Asaz an der selweschter Gedankefräiheet viru schaffen, speziell well de Verwaltungsrot vum Musée him kee wierleche Support ausgedréckt hätt, bedauert den Enrico Lunghi a sengem Bréif vun dräi Säiten: E Bréif, deen un den internationale Comité fir Muséen a Kollektioune vu moderner Konscht gaangen ass.

De Musées-Direkter confirméiert, datt d’Disziplinar-Prozedur géint seng Persoun nach ëmmer leeft. Hie bedauert am Schreiwes, datt weder de Kulturminister Xavier Bettel nach soss een aus dem Ministère hien ëm seng Versioun vun de Faite gefrot hätt.

Keng Reaktioune vum Verwaltungsrot a vum Kulturminister

Vum MUDAM-Verwaltungsrot war bis elo keng Reaktioun op déi ugekënnegt Demissioun vum Enrico Lunghi, respektiv op d’Kritiken aus sengem Bréif vu gëschter ze kréien. De Kulturminister Xavier Bettel wëllt net dorop reagéieren. Hie wier net dem Enrico Lunghi säi Chef a senger Funktioun vum Direkter vum MUDAM, huet et op eis Nofro hi geheescht. De Kulturminister hätt de Commissaire du Gouvernement chargé de l’instruction disciplinaire mat dëser Saach befaasst. Dee Commissaire wier mat der Instruktioun am gaangen an ermëttelt "à charge et à décharge" vum Här Lunghi, heescht et vum Kulturministère.

Reaktioun vum CIMAM

Um Internet-Site vum "International Committee for Museums and Collections of Modern Art" kritt den Enrico Lunghi Sympathie vun Artisten, Curateuren a Galeristen ausgedréckt: Seng Lëtzebuerger Kritiker géifen hien zënter Joren – Zitat – harceléieren, heescht et do. D’Konditiounen, déi den Enrico Lunghi dozou bruecht hätten, ze demissionéieren, wieren eng Menace fir all Professioneller am Beräich vun der zäitgenëssescher Konscht. An dës Konditioune wieren och anti-demokratesch, esou den internationale Forum mat Sëtz zu Barcelona.

Demissioun confirméiert

De Verwaltungsrot vum "Musée d’Art Moderne Grand-Duc Jean" huet mëttlerweil d’Demissioun vum Generaldirekter Enrico Lunghi op den 31. Dezember 2016 confirméiert. De MUDAM-Verwaltungsrot schreift vun enger "démission regrettable". De Conseil wëllt sech demnächst versammele fir d’Prozedur fir d’Sich no engem Nofolger fir den Enrico Lunghi ze definéieren.

Op Demande vum Enrico Lunghi huet de Verwaltungsrot säin Demissiouns-Bréif mat verschéckt: Dora schreift de Generaldirekter, datt seng Decisioun fir hien den eenzegen Auswee gewiescht wier, fir seng berufsbedéngte Gewëssenhaftegkeet z’erhalen. Säin Engagement hätt dacks zu net fondéierte Kritiken a Pressioune gefouert.

Am Kontext vum RTL-Bäitrag vum 3. Oktober an de Konsequenzen dovu schreift den Enrico Lunghi, datt et him net méiglech wier "atteintes ignobles et malhonnêtes" z’acceptéieren, déi op Käschte vu senger Éier a senger Reputatioun géife goen.


Panorama-Bäitragplay_arrow

Demissiounsbréif: Enrico Lunghi