Enseignantë kritiséieren Ausriichtung vum Wäerteunterrecht
Gëschter Owend gouf et eng laang Sëtzung am Educatiounsministère tëscht de responsabele Beamte fir den zukünftege Wäerteunterrecht an de Membere vum Aarbeschtsgrupp “Educatioun sociale et morale”. Et war en Echange de vues iwwert de Referenzkader vum zukünftegen Wäerteunterrecht. Op enger Rei Punkten wär een sech méi no komm, e puer Knackpunkte géingen awer bleiwen, krute mir op Nofro hin am Educatiounsministère gesot. Déi 4 stellvertriedend Enseignantë vum aktuellen Cours "Moral" hunn no der Sëtzung e ganz kriteschen Communiqué redigéiert. Mick Entringer: