Radioen

On air

De Moien  |  Real Estate - Flowers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Enseignantsgewerkschaft: "Et kann een net vu Schoul hale schwätzen"

Corona-Kris

Enseignantsgewerkschaft: "Et kann een net vu Schoul hale schwätzen"

An der Grondschoul kéint een am Moment net wierklech vu Schoul hale schwätzen, seet de Patrick Arendt vun der Schoulmeeschteschgewerkschaft SEW. Op Distanz wier et schwéier, de Kontakt mat all de Schüler ze halen. "De Kontakt mat de Kanner feelt ganz kloer."

auto_stories

2 min

Fir de Patrick Arendt (SEW) an de Raoul Scholtes (Féduse) steet d'Educatioun virun enger grousser Erausfuerderung

Vill Schüler géife sech net zeréckmellen, wann een hinnen Aufgabe schéckt, et géif een net vu jiddwerengem ee Retour kréien. Doduerch géif een net richteg wëssen, wat an de Famillje mat de Kanner geschafft géif ginn. De Patrick Arendt schätzt, datt een Drëttel vun de Kanner op verschiddene Plaze sech net géife mellen. Do wier et schwiereg, fir mat de Schüler a Kontakt ze trieden.

Et gëtt schwéier mam Programm weiderzefueren

Et hätt een de Schüler Aarbechte ginn, fir datt si eng Rei Saache kéinte widderhuelen, mee et kéint een net weiderschaffen, bedauert de Patrick Arendt.

"Dat wier och ongerecht, well mer awer denken, datt d'Elteren doheem net qualifizéiert sinn, an och net onbedéngt alleguerten déi selwecht Méiglechkeeten hu fir mat hire Kanner ze schaffen. Et geet drëms fir d'Kanner ze motivéiere fir verschidde Saachen opzeschaffen, fir bei der Staang ze bleiwen. Mee et muss ee gesinn, datt mer am Moment net kënne weiderfueren, well dat och sozial extrem ongerecht wier."

Den SEW-Gewerkschaftler betount dofir, am Fondamental kéint een net mam normale Programm virufueren, mee et misst een no der Kris probéieren, déi Matière opzefänken, déi am Moment net kann duerchgeholl ginn.

Wéi kënne Prüfungen organiséiert ginn?

Och an de Lycéeë géif et "schwiereg" ginn, no der Ënnerbriechung vum regulären Unterrecht mam normale Programm virunzefueren, seet de Vertrieder vun der Féduse, de Raoul Scholtes. Déi grouss Fro, déi sech iergendwa géif stellen, wier wéi een d'Prüfunge weider géif organiséieren. Där kënnen nämlech keng vun doheem aus gemaach ginn.

Et géif och schwéier gi mam Programm weiderzemaachen. Dat géif och dovunner ofhänken, wéi laang kee regulären Unterrecht organiséiert ka ginn, seet de Raoul Scholtes:

"Wann dat elo zwou bis dräi Wochen dauert, da geet an dem Iwwergang net vill verluer. An am anere Fall schaffe mer eis ëmmer méi an den Unterrecht vun doheem eran. Verschiddenes wäert weiderhin net méiglech sinn, mee do gëtt dat Bescht gemaach."

Sollt den Unterrecht méi laang nëmme virtuell kënnen ugebuede ginn, "da muss ee kucken", wéi dat kéint organiséiert ginn. "Aus der Nout ergi sech natierlech och Opportunitéiten. D'Leit wuesse mam Problem", mengt de Raoul Scholtes.