Enseignement: Eenheetsfront géint Augmentatioun vun der Tâche deit sech u
Am Enseignement deit sech eng Intersyndicale un, fir eng Augmentatioun vun der Tâche vum Enseignant ze blockéieren.
’Propose vun der Regierung fir am Echange vun dëser Demande den individuelle Bewertungsmechanismus falen ze loossen a mat engem kollektive Bewertungsmechanismus auszetauschen, wier just en Trick vun der Regierung, esou den SEW. De kollektive Mechanismus wier genee sou inacceptabel wéi den individuellen. D’APESS huet hirersäits een Appel un all d’Schoulgewerkschaften gemaach, fir hier Differenzen op d’Säit ze leeën an eng Intersyndicale op d’Been ze stelle. Eng Offer déi d’CGFP-Féduse unhëlt; krute mer op Nofro hin gesot. Den DP-Educatiounsminister Claude Meisch hält sengersäits u senger Demarche fest, fir d’Croissance bei den Personalkäschten am Enseignement ze bremsen.
De Bäitrag vum Mick Entringer: