Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Tiny Ruins - Dogs Dreaming

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg op Schwaarz Lëscht: EP ass sech net eens

STEIEROASEN

Lëtzebuerg op Schwaarz Lëscht: EP ass sech net eens

D'Fuerderung vun der Lénk am Europaparlament, datt ënner anerem Lëtzebuerg op déi Schwaarz Lëscht gehéiert, gouf net zeréckbehalen. Si krut awer am Vott d'Ënnerstëtzung vun de Sozialisten an deene Gréngen. Och d'Lëtzebuerger Marc Angel an Tilly Metz hunn dofir gestëmmt.

auto_stories

3 min

Foto: EU / Gabor Kovacs

An der EU sollen d'Krittäre fir déi Schwaarz Lëscht vu Steieroasen nei definéiert ginn. D'Europäescht Parlament setzt sech an enger Resolutioun fir eng ambitiéis Reform vun deene Krittären an. D'Lëscht misst op eng méi transparent a koherent opgestallt ginn, esou d'Parlament.

Krittäre fir d'Schwaarz Lëscht solle reforméiert ginn

An deem Kader hat sech déi Lénk am Europaparlament dofir agesat, datt och EU-Länner missten ënner d'Lupp geholl ginn. An engem Amendement, deen déi franséisch Europadeputéiert Manon Aubry agereecht huet, gëtt constatéiert, datt Recherchen noleeën, datt op d'mannst fënnef EU-Länner (Zypern, Irland, Malta, Holland a Lëtzebuerg) missten op déi Schwaarz Lëscht gesat ginn, wann een déi Krittäre bei hinne géif uwennen.

Deen Amendement gouf awer net zeréckbehalen. Ënner den 304 Europadeputéiert, déi dofir gestëmmt hunn, sinn och d'Lëtzebuerger Marc Angel (LSAP) an Tilly Metz (Déi Gréng).

De Christophe Hansen an d'Isabel Wiseler-Lima (allebéid CSV) gehéiere genee ewéi de Charel Goerens an d'Monica Semedo (allebéid DP) zu den 343 Europadeputéiert, déi géint dësen Amendement gestëmmt hunn.

D'Parlament stellt an där Resolutioun och fest, datt et bannent der EU schiedlech Steiermodeller gëtt, ouni explizitt Länner ze nennen.

An der Resolutioun gëtt och ernimmt, datt verschidden EU-Länner am Index vun de Steieroase vun 2019 ganz vir kommen. Holland ass do op der véierter., Lëtzebuerg op där sechster an Irland op där eelefter Plaz.

Dat endgültegt Resultat iwwer de Vott zur ganzer Resolutioun läit eréischt en Donneschdeg den Owend vir.

2017 hu Gréng an LSAP anescht ofgestëmmt

Schonn 2017 gouf et am Europaparlament Stëmme vu verschiddene Parteien, déi gefuerdert hunn, datt déi nämmlecht véier EU-Länner sollten op déi Schwaarz Lëscht vu Steieroase kommen.

Deemools ass déi Demande, déi haaptsächlech vun der Fraktioun vun de Sozialiste koum, an engem Vott ganz knapps net duerchgaangen. Et hate genee esou vill Deputéiert dofir ewéi dogéint gestëmmt. D'Lëtzebuerger Europadeputéiert haten deemools all dogéint gestëmmt, dee Grénge Claude Turmes hat sech enthalen.

Zwee Joer drop huet d'Parlament dunn awer am Mäerz 2019 a sengem Rapport vun der Spezialkommissioun iwwer Steierevasioun d'Kommissioun opgefuerdert, op d'mannst fënnef EU-Länner, dorënner Lëtzebuerg, esou laang als Steierparadäis unzegesinn, bis substantiell Reformen am Steier-System ëmgesat goufen.

Fir d'EU-Kommissioun hat ufanks 2018 de Wirtschafts- a Finanzkommissär Pierre Moscovici gesot, et géif an der EU keng Steierparadäiser am strikte Sënn vum Wuert, et géif awer "schwaarz Steier-Lächer".

Et war dat déi éischte Kéier, datt d'Parlament EU-Länner als Steierparadäis bezeechent huet.