Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Erëm um demokrateschen Debat deelhuelen

Chambre de Commerce

Erëm um demokrateschen Debat deelhuelen

De Luc Frieden mengt net, datt seng parteipolitesch Vergaangenheet e Problem ass, fir den Job als President vun der Chambre de Commerce ze maachen. Hien hätt fest wëlles sech zu Sujeten ze äusseren, awer keng politesch Commentairen ze maachen.

auto_stories

3 min

De Luc Frieden ass zanter dem 3. Abrëll 2019 President vun der Chambre de Commerce

Ënner seng politesch Ambitiounen hätt hien e Stréch gezu, wéi kloer war, wien 2018 fir d'CSV als Spëtzekandidat an d'Wahle géif goen, seet de Luc Frieden. An dat hätt sech jo relativ séier no de Wahle vun 2013 erausgeschielt.

Oppositioun huet kee Spaass gemaach

Am Juli 2014, no engem Joer mat der CSV an der Oppositioun, huet de Luc Frieden aus der Chamber demissionéiert, mam Argument, déi Roll als Oppositiounsdeputéierte géif him net leien. Dee Saz ass deemools ville Leit iwwerhieflech virkomm. Réckbléckend fënnt de Luc Frieden, datt hie sech onglécklech ausgedréckt hat, an hie géif dat "och an der Retrospektiv" bedaueren.

"Wat ech domat wollt soen, datt de Fait fir vu moies bis owes do ze sëtzen, granzeg dran ze kucken an ze kritiséieren, datt ech geduecht hunn: dat hei ass net dat, wat ech gär hunn. Ech war gewinnt an der Exekutiv ze sinn, eppes ze plangen, eppes ze bauen. An ech hu gemierkt, datt déi ganz Atmosphär do vu moies bis owes e bëssen .. Jo, onzefridde war, well der awer vill do waren, déi do souzen, an et konnt een net richteg kreativ schaffen."

Interessi um Job vum Lëtzebuerger Kommissär hätt hie scho gehat, wann d'Fro sech da gestallt hätt. Mee an d'Europawahlen hätt hien net wëlle matgoen, well dat mat senge Funktiounen als BIL-President an Affekot net kompatibel gewiescht wier. Déi zwou berufflech Aktivitéite wëllt hien och bäibehalen.

Net all Posten opginn

De Groupe Saint-Paul hat hien opginn, fir d'Spëtzt vun der Handelskammer kënnen z'iwwerhuelen. De Luc Frieden mengt zwar, datt hien déi Aufgab hätt kéinte weider maachen, de Groupe Sain-Paul ass och Member vun der Chambre de Commerce.

"De Punkt ass méi deen, datt d'Leit dacks mengen, de President wier vill méi no um Innere vun der Zeitung. Et hätt also kënne sinn, datt en Zeitungsartikel de Contraire géif soe wéi eng Positioun vun der Chambre de Commerce. An dat wier vläicht schwiereg ze verstoe gewiescht."

De Luc Frieden huet et dofir novollzéibar fonnt, datt him eng Rei Leit geroden hunn, seng Funktioun beim Groupe Saint-Paul opzeginn. President vun der BIL bleift de Luc Frieden, an hie wëllt och weider als Affekot schaffen. Hien erkennt do keng Incompatibilitéit, a ka sech och net virstellen, datt de Barreau eng gesäit:

"Ech mengen, datt dat op kengem Text géif berouen. Et sinn ëmmer erëm Affekoten, déi och a Beruffsorganisatiounen täteg sinn. An et steet och ausdrécklech am Text, datt en Affekot ka President vun engem Verwaltungsrot sinn."

Pläng fir d'Zukunft

De Luc Frieden gëtt zou, datt et him gefeelt huet an der Ëffentlechkeet ze sinn. "Ech mengen, datt dat richteg ass, datt ech gär mäi Bäitrag leeschten zu engem demokrateschen Debat." Hie wéilt sech an Zukunft och politesch äusseren, allerdéngs net parteipolitesch.

Als neie President vun der Chambre de Commerce wiere seng dräi Prioritéiten d'Digitalisatioun, den internationalen Handel an d'Formatioun a Rekrutement vum Personal. Ee Verspriechen huet de Luc Frieden awer misse ginn, ier en an der Chambre de Commerce ugetrueden ass. Dass hien ni méi bei politesche Wahle géif kandidéieren.