LËTZEBUERG SEET ÄDDI Erënnerunge vum Guy De Muyser un de Grand-Duc Jean

De Guy De Muyser huet a senger Funktioun als Kabinett-Chef a Maréchal de la Cour de Grand-Duc Jean als Mënsch an als Staatschef kennegeléiert. Eng Zesummenaarbecht, déi iwwer Jore mat vill Respekt a Bewonnerung geklappt huet.

Claude Faber / cz

Guy De Muyser
De Guy De Muyser war Kabinett-Chef a Maréchal de la Cour

De Guy De Muyser erzielt a wéi engem Ament hien de Grand-Duc Jean kennegeléiert huet, a wéi een Androck de verstuerwene Staatschef bei him hannerlooss huet. De Guy De Muyser huet de Grand-Duc Jean vill Joren als Hofmarschall all Dag begleet. Dobäi huet hie seng Interesse gutt kennegeléiert. D'Representatioun vum Lëtzebuerger Land, déi grouss-herzoglech Famill, d'Natur, de Sport an de Scoutismus waren dobäi net déi eenzeg Beräicher, déi de Grand-Duc Jean beschäftegt hunn.


Den Interview mam Guy De Muyser:

Lauschteren

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Claude Faber
Lauschteren

Méi zum Thema

Dem Grand-Duc Jean seng Passioun fir d'Natur 1
Lëtzebuerg seet Äddi

"De Grand-Duc Jean huet d'Natur gutt kannt", esou de Franz-Charles Muller, fréiere President vun der Fondatioun Natur an Ëmwelt a studéierte Forstingenieur. E Bléck op de verstuerwene Grand-Duc a säi besonnesche Lien zur Natur.

GDJ scout.jpg
Lëtzebuerg seet Äddi

Mam Doud vum fréiere Grand-Duc wier net nëmmen en aussergewéinleche Mënsch vun eis gaangen, mee och de Chefscout vun de Scouten zu Lëtzebuerg. Dat seet den Yves Marchi, Commissaire général adjoint vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten.

D'Leit stinn an der Schlaang fir dem Grand-Duc Jean Äddi ze soen
Grand-Duc Jean

Fir dem Grand-Duc Jean déi lescht Éier ze erweisen, sinn d'Leit an d'Chapelle Ardente vum Palais komm, bei de Sarg mam Grand-Duc senger opgeboerter Läich.

Praktesch Infoen

  • 31.5. Schengener Gespréicher

    31.5. Schengener Gespréicher

    D'Pandemie - vum Coronavirus ausgeléist - huet dem Commerce an der Groussregioun grouss finanziell Abousse bruecht. Mëttlerweil sinn d'Geschäfter nees op, mee vun enger ekonomesch gesonder Vitesse de croisière ass een nach wäit ewech.

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen