Radioen

On air

Notturno  |  Nick Zubeck, Felicity Williams & Karen Ng - Time Machine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Packt Lëtzebuerg 11% bis 2020?

Erneierbar Energien

Packt Lëtzebuerg 11% bis 2020?

Lëtzebuerg huet a sengem Energiekonsum EU-wäit dee klengsten Undeel un erneierbaren Energien. Déi deementspriechend Direktive gëtt dem Grand-Duché bis 2020 fir des Situatioun ze verbesseren. Dobai schéngt et Unzeechen ze ginn, datt et an déi richteg Richtung geet.

Pierre Reiland, md

auto_stories

5 min

© Bigstock/pedrosala

Den 18. Januar war de Staatssekretär am Nohaltegkeetsministère Camille Gira bei belsche Regierungsmembere fir iwwert d’Sécherheet vun der 40-Joer aler Atomzentral zu Tihange ze schwätzen. Et wier irresponsabel, Tihange no all den technesche Pannen nees un d’Netz ze schléissen, sou de grénge Politiker den Dag drop an der Chamber. Et misst ee weider Drock maache fir datt d’Belsch, wéi ugekënnegt, bis 2025 aus der Atomkraaft erausklëmmt. "Mir mussen awer och credibel sinn", sot de Camille Gira. "Ech war ganz frou, datt weder de Vize-Premierminister nach d'Ëmweltministesch eis gefrot hunn: Jo, wou kënnt dann äre Stroum hir?"

Datt Lëtzebuerg bei den erneierbaren Energien eng Schëpp bäileeë muss weist ee neie Rapport vun Eurostat. Am Joer 2014 hunn dës alternativ Energien an der Europäescher Unioun duerchschnëttlech 16% vum Energieverbrauch ausgemaach. Am Grand-Duché loung deen Undeel bei 4,5%. Domat kënnt Lëtzebuerg an där Statistik ënnert den 28 EU-Memberstaten op déi leschte Plaz. Eng Situatioun, déi d’Land sech net méi all ze laang leeschte kann: Bis 2020 muss Lëtzebuerg d'Zil vun 11% erneierbar Energien erreechen. Dat steet esou an der EU-Direktive fir d'Produktioun vun erneierbaren Energien.

Wandenergie um gudde Wee, net awer d'Sonnenenergie

D’Stroumproduktioun aus erneierbare Sourcen ass offiziell eng Prioritéit vun der Regierung. Am Koalitiounsprogramm steet esouguer, datt een an deem Beräich e Pionéier an der Groussregioun wéilt ginn. Effektiv ginn et positiv Entwécklungen, virun allem bei der Wand-Energie, seet de Paul Polfer vum Mouvement Ecologique a vu Votum Klima. "Eng ganz Rei Projete sinn am Tube. Wann déi bis gebaut gi mécht d'Wandenergie zu Lëtzebuerg en zolitte Sprong no vir."

Dat selwecht kéint een awer net fir d’Solarenergie soen. Do wieren d’Subventioune gedeckelt ginn. Fir gréisser Anlagen, déi méi wéi 30 Kilowatt produzéieren, géif et keen Aspeistariff ginn, sou de Paul Polfer. Et sief, et géif ee sech an enger Cooperative zesummen dinn. Beim Waasser wieren déi maximal Kapazitéiten erreecht. Beim Biogas wier nach Potential. Allerdéngs géif et Bedenke ginn iwwert d'Nohaltegkeet vu Biogas-Anlagen. Op Energieplanze setze mécht, an den Ae vum Mouvement Ecologique, ekologesch net vill Sënn. "Mär fäerten do den Drock op d'Akerfläch, datt do méi Energieplanzen ugebaut ginn. Dat féiert zu Monokulturen an engem relativ héijen Asaz vun Düngermëttel a Pestizident."

Gebaier a Stéit méi energieeffizient

Déi 11% erneierbar Energien, déi Lëtzebuerg erreeche muss, ginn um ganzen Energieverbrauch berechent. De Konsum  muss also erof goen. Dat ass elo schonn de Fall, erkläert den Olaf Münichsdorfer, Conseiller de direction am Nohaltegkeetsministère. Minus 4,6% an der Period 2013-2014. Mesurë fir d'Energieeffizienz vu Gebaier ze verbessere géife méiglecherweis dozou bäidroen. "De Stroumverbrauch vun de Stéit läit iwwer Joere schonn ënnert enger Terawatt pro Stonn", konfirméiert de Camille Hierzig, Sous-Direkter beim Institut de régulation. "Geräter ginn ëmmer méi effizient. Fréier huet beispillsweis e Fernseh 300 Watt verbraucht, dunn 150, elo nëmmen nach 30 Watt."

Och d’Fournisseure vu Gas an Elektrizitéit sinn zënter engem Joer zur Energieeffizienz gesetzlech verflicht. De mécanisme d’obligations en matière d’efficacité énergétique zwéngt se, mat hire privaten, professionellen an industrielle Clienten ze kucke wéi Energie ka gespuert ginn. De Laurent Magi vun Enovos Lëtzebuerg erkläert, datt Energiekonzerner ëmmer méi och Zerwisser am Energieberäich ubidden: energetesche Management, nei Technologie fir méi effizient Heizungen, Isolatioun, Beliichtung, Elektromobilitéit a Car-Sharing, asw. Rentabel ass dës Offer virun allem mat industrielle Clienten, déi bei wäitem dee meeschte Stroum verbrauchen.

Tanktourismus hëlt of, Etude gëtt deemnächst publizéiert

D’Aspuerverflichtunge gëlle fir d'Secteure vum Stroum a Gas, net awer fir Heizungsmasutt, Bensin an Diesel. Grad dee Secteur spillt awer déi gréisste Roll am Energie- a  Klimabilan vu Lëtzebuerg, mengt de Paul Polfer vum Mouvement Ecologique. "Den Tanktourismus steet fir d'Hallschent vun eisem Energiebesoin an ongeféier d'Hallschent vun eisen CO2-Emissiounen".

Der EU-Direktive no muss am Transportsecteur op d’mannst 10% vum Sprit zu Lëtzebuerg aus erneierbare Sourcë kommen. Dofir gëtt hei massiv op Agrosprit aus der Belsch an aus Holland gesat, deen dem Bensin an Diesel bäigemëscht gëtt. Keng nohalteg Léisung, kritiséiert d'Ëmweltorganisatioun. Den Agrosprit géif zu engem groussen Deel aus Planze produzéiert ginn, déi als Monokulturen a Schwellen- an Entwécklungslänner ugebaut ginn. Den Ubau vu Liewensmëttel géif massiv ënner Drock geroden.

De problemateschen Tanktourismus ass awer amgaang ofzehuelen. D’Vente vu Bensin an Diesel geet zënter enger Rei Joeren zeréck. D'Präisënnerscheeder mam Ausland gi méi kleng, eng Tanktourismus-Rees op Lëtzebuerg rentéiert sech manner. Des weidere kéinte méi effizient Autoen an e Mentalitéitswiessel an der Mobilitéit eng Roll spillen. Déi mat grousser Spannung erwaarten Etude iwwert eng Sortie aus dem Tanktourismus dierft deemnächst publizéiert ginn, seet den Olaf Münichsdorfer vum Nohaltegkeetsministère. Wéinst der Präisentwécklung vum Sprit hätt se missten iwwerschafft ginn.