Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Obongjayar - Sugar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eskalatioun am Konflikt ëm Zukunft vu Kierchefabricken

Trennung Kierch a Staat

Eskalatioun am Konflikt ëm Zukunft vu Kierchefabricken

De Sträit tëscht dem Daachverband vun de Kierchefabricken an der Regierung ëm d'Proprietéite vun der Kierch spëtzt sech zou. De Marc Linden, Vizepresident vum Syfel, dreet der Regierung mat Prozesser.

auto_stories

2 min

Marc Linden (Foto: Archiv)

Sollt sech weisen, datt d’Regierung hire Gesetzprojet iwwert de Kierchefong duerchgebaatscht huet, da wäerten Expropriatiounsprozesser op d'Regierung duerkommen, sou de Marc Linden, Vize-President vum Syfel e Mëttwoch de Moien um radio 100,7. Doriwwer eraus géing den Daachverband vun de Kierchefabricken eng Plainte um Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter zu Stroossbuerg envisagéieren, wéinst Amëschung vum Staat an d'Reliounsfräiheet.

Wann de Bistum sech op d'Säit vum Syfel géing stellen, da kéint den Daachverband vun de Kierchefabricken d'Plaintë géint den Äerzbëschof an de Generalvikar faleloossen.

Kierchefabricke si juristesch Entitéiten a lokal Proprietairen a Gestionnairë vun Immobilië vun der kathoulescher Kierch. Am Kader vun der Trennung vu Kierch a Staat, an der Konventioun tëscht Regierung a Bistum, sollen déi juristesch Entitéiten opgeléist ginn an an e Fong vun der Kierch fléissen. De Syfel, de Verband vun de Kierchefabricke wëll dat net, an huet, no vill Sträit mam Bistum rezent en Accord mat deem fonnt, wéi d'Kierchefabricken an Zukunft erhale kënne bleiwen. Domadder géing awer d'Konventioun tëscht der Regierung an dem Bistum a Fro gestallt ginn.

Fir den Inneminister ass dat ausgeschloss. Enger Propos vum Dan Kersch no dierfte sech d'Kierchefabricken zwar lokal organiséieren, mee als Ënnerorganisatioun vun engem Kierchefong. De Syfel lehnt dat of.

Am Regierungsrot wëll den Inneminister Dan Kersch um Mëttwoch Amendementer presentéieren zum Gesetzprojet iwwert d'Schafung vum Kierchefong.


Interview mam Invité vu Dag Marc Linden

Marc Lindenplay_arrow

Op senger Generalversammlung en Dënschdeg huet de Syfel säin Accord mam Bistum iwwert d'Gestioun vun den Immobilie vun de Kierchefabricke verdeedegt

Generalversammlung Syfelplay_arrow