Radioen

On air

De Weekend  |  Noel Gallagher's High Flying Birds - Love Is A Rich Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Esou vill wéi méiglech an der Gesellschaft matwierken"

UN-Konventioun

"Esou vill wéi méiglech an der Gesellschaft matwierken"

Eng UN-Konventioun soll klären, ob hei am Land d'Mënscherechter bei behënnerte Persoune respektéiert ginn. Dozou gehéiert ënnert anerem d'Accessibilitéit vu Gebaier an den Zougang zu enger Aarbecht.

auto_stories

4 min

De Comité vun de Vereenten Natiounen, dee fir den Handicap beoptraagt ass, huet d'lescht Woch souwuel déi zoustänneg Regierungsvertrieder, wéi och d'Zivilgesellschaft op Genf invitéiert. D'Besoinen am Beräich vun de Rechter vun de Mënsche mat enger Behënnerung sollten nach emol ënnert d'Lupp geholl ginn.

D'UN-Konventioun, déi 2011 vum Grand-Duché ratifizéiert gouf, schaaft keng nei Rechter fir Mënsche mat enger Behënnerung. D'Zil ass et, datt déi allgemeng Mënscherechter och bei Persoune mat engem Handicap respektéiert ginn. Dozou gehéiert ënnert anerem d'Accessibilitéit vu Gebaier. Mä och d'Educatioun, den Zougang zu enger Aarbecht, d'Recht op Fräizäitaktivitéiten a virun allem d'Autonomie vun der Persoun, esou d'Sandy Zoller vum Familljeministère. "D'Zil ass et, datt all behënnert Persoun ka sou vill wéi méiglech an der Gesellschaft matwierken."

D'Gebai vun de Vereente Natiounen zu Genf

Interministeriellen Aktiounsplang

Déi ganz Prozedur vun der UN-Konventioun gesäit vir, datt déi staatlech Verwaltungen e Rapport ausschaffen, iwwert déi aktuell Moossnamen an deene verschiddene Beräicher. An Tëschenzäit gouf och een Aktiounsplang an d'Weeër geleet. En alternative Rapport gouf iwwerdeems vun der Zivilgesellschaft zesummegestallt. 28 Associatiounen hunn do matgewierkt.

Fir d'Ausschaffen an d'Ëmsetze vum Aktiounsplang hu sech eng ganz Rëtsch Ministèren zesummegesat. Duerch d'Konventioun, déi präzis Rechter a Flichten oplëscht, gouf déi Zesummenaarbecht strukturéiert. An all Ministère ass elo ee Beamten designéiert ginn, deen a sengem Politikberäich an deem Groupe matschafft.

Et hätt een an de leschte Méint gemierkt, datt d'Konventioun eng positiv Wierkung hat. Dat seet de President vun der Associatioun "Nëmme mat eis", Patrick Hurst. "Et huet een effektiv gesinn, datt besonnesch an deene leschte Méint vill méi zesummegeschafft gouf tëscht de Ministèren."

An hirem Rapport hätt d'Associatioun bemängelt, datt "nach alles zimlech verspreet" gewiescht wier. D'Zil misst méi eng kohärent Politik sinn, esou de Patrick Hurst.

Zougang zu ëffentleche Gebaier erweideren

Op Grond vun der UN-Konventioun gouf een éischte Rapport un de Comité vun de Vereente Natiounen geschéckt, dee sech ëm d'Persoune mat engem Handicap këmmert.

Am Virfeld gouf och mat Betraffenen diskutéiert. Eng 200 Persounen hu sech gemellt, sou d'Sandy Zoller. An enger éischter Phase hätt ee sech virun allem op den Zougang zu ëffentleche Gebaier konzentréiert. Et géif momentan un engem Gesetzprojet geschafft ginn, fir d'Accessibilitéit och op privat Gebaier z'erweideren, déi ëffentlech zougänglech sinn, seet d'Sandy Zoller vum Familljeministère.

Tutelle nëmmen an Ausnamefäll

Ee weidere Chantier ass dee vun der Tutelle. Dat heescht, datt d'Decisioune vun enger Persoun mat enger Behënnerung duerch ee Vertrieder geholl ginn. Do huet de Justizministère eng Ännerung geplangt. An Zukunft soll nëmmen ee Riichter an Ausnamefäll esou eng Tutelle decidéieren. D'Zivilgesellschaft freet do och eng Reform, sou de Patrick Hurst. D'UN-Konventioun géif e System mam Titel "assisted decision making" proposéieren.

"Dat heescht, datt eng Persoun schonn hir Entscheedunge soll treffe kënnen, mä déi Hëllef kritt, déi se brauch. Dat ass mam Tutelle-System dacks net de Fall."

Fäegkeeten evaluéieren

D'ADEM an eng Rei aner Intervenante hu viru Kuerzem de Projet COSP virgestallt. D'Zil vum Projet ass et, d'Fäegkeete vun de Persoune mat enger Behënnerung z'evaluéieren. Dono sollen Hëllefen ausgeschafft ginn, déi ee Rekrutement vereinfachen. Bis dato wieren d'Persoune mat enger Behënnerung eréischt dann evaluéiert ginn, wann de Betrib si schonn agestallt hätt, esou de Patrick Hurst.

"Déi Evaluatioun-Prozedure sinn dacks laang. An déi Zäit stoung souwuel d'Persoun, wéi de Patron vum Betrib, eleng do. Et konnt kee wierklech produktiv schaffen."

Mat engem Projet wéi COSP géif d'Situatioun sech veränneren, mengt de President vun "Nëmme mat eis". Wichteg wier et awer och, datt d'Persoun eng Assistenz ugebuede kritt, déi si och braucht.

Eng Rei Stonnen Assistenz kritt een iwwert d'Fleegeversécherung. Dës wier awer virun allem fir eeler Persounen ausgeluecht, esou de Patrick Hurst. Mä Mënsche mat enger Behënnerung brauchen am Alldag fir ganz ënnerschiddlech Aktivitéiten eng Assistenz. "Et wier gutt, wa Leit mat Behënnerung hir Hëllef vill méi personaliséiere kéinten."

Präzis Enquête geplangt

Am Beräich vun der Schoul hunn déi concernéiert Associatioune gefuerdert, datt d'Inclusioun vun de Kanner mat enger Behënnerung an der regulärer Schoul soll gefërdert ginn. Och do goufen Ännerungen ugekënnegt duerch déi regionalen Direktiounen an der Grondschoul.

Nom Ausschaffe vum Aktiounsplang plangt de Familljeministère eng méi präzis Enquête bei de betraffene Persounen duerchzeféieren. Esou sollen déi spezifesch Besoinen erfaasst ginn, seet d'Sandy Zoller.

De Comité vun de Vereenten Natiounen dierft och an den nächste Wochen d'Conclusiounen aus deenen zwee Rapporte vun der Regierung an der Zivilgesellschaft ënnert d'Lupp huelen, fir eng Evaluatioun vun der aktueller Situatioun kënnen ze maachen.