Am Gesetzprojet geet ëm d'Protectioun vu wichtegen Donnéeë vun Estland an enger E-Ambassade zu Lëtzebuerg. Den Accord tëschent der baltescher Republik a Lëtzebuerg, deen elo soll ëmgesat ginn, war am Juni vun de béide Regierungscheffen ënnerschriwwe ginn.
Sou een Datacenter misst juristesch sou gutt wéi méiglech protegéiert ginn, seet de Christophe Schiltz, Chef vum juristesche Service am Ausseministère. "Et muss een deem eng Partie Garantië ginn."
De Robert Kimmer ass Professer fir eGovernance op der technescher Uni zu Tallinn an Estland. Rechtssécherheet ass senger Meenung no den Haaptgrond fir de Staatsvertrag. "Grad well een am Beräich vum Dateschutz net sou einfach Donnéeën op Serveren am Ausland soll späicheren."
Estland wier bis 1991 Deel vun der Sowjetunioun gewiescht, a wier dowéinst besonnesche Menacen ausgesat.
"Eng richteg gutt Saach"
De Kontakt mat Estland fir dat neit Konzept vun enger "Daten-Embassy" auszeschaffe gëtt et scho méi laang, seet de Gilles Feith, Direkter vum staatlechen Zenter fir Informatiounstechnologien. "Dat ass eng weltwäit Première, an ech fannen, datt dat eng richteg gutt Saach ass."
Bei der estneschen Daten-Ambassade gëtt Lëtzebuerg zoustänneg fir d'Protectioun. Déi géife sech virun allem op Entraide an op eng physesch Protektioun limitéieren. D'Daten-Ambassade wier net zu Lëtzebuerg un den Internet connectéiert, "sou datt d'Sécherheet am Fong haaptsächlech an den Hänn vun den Esten ass."
Well den estneschen Date-Stockage zu Betzder juristesch an diplomatesch net als eng Ambassade ugesi gëtt, si keng Privilegien an Immunitéite fir physesch Persoune virgesinn.