Radioen

On air

De Moien  |  Lava La Rue - Push N Shuv

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et ass de Moment fir kompetitiv ze sinn"

Fuerschung - Liser

"Et ass de Moment fir kompetitiv ze sinn"

D’Fuerschung zu Lëtzebuerg ka méi efficace a méi kompetitiv ginn, seet déi nei Generaldirektesch vum Liser. D'Aline Muller wëllt de "Luxembourg Institute for socio-economic research" méi no un d'Lëtzebuerger Gesellschaft bréngen.

auto_stories

2 min

De Liser soll an Zukunft mat senge Recherchen nach méi déi national Politik an hiren Entscheedunge begleeden, seet d'Aline Muller. Dofir wär d’Visibilitéit vum Institut wichteg, an och d'Zesummenaarbecht mat aneren Acteure wéi der Uni an dem Statec. Gläichzäiteg soll den Institut international kompetitiv sinn.

"Added Value"

"Eise Labo ass d'Gesellschaft", esou d'Aline Muller, an do wier Lëtzebuerg wéinst senge Partikularitéite besonnesch interessant. D'Sproocheproblematik oder d'Digitaliséierung vun der Gesellschaft wieren ënner anerem Themeberäicher wou de Fuerschungsinstitut e wichtegen Zouliwwerer vun Date fir d'Politik kéint sinn.

Déi grouss Transformatioune vun der Gesellschaft, a wéi déi op d'Zesummeliewe vun de Mënsche wierken, wiere Froen déi um Liser traitéiert géife ginn.

"Wann ee méi harmoniös, méi sozial an ekonomesch intelligent 'smart citien' duerch d'Land géif developpéieren, dann hätte mir eng vill méi kompetitiv, gerecht an durabel Gesellschaft", mengt d'Aline Muller. Dobäi wär et och wichteg déi eege Publikatiounen a méi Sproochen zougänglech ze maachen. Den Internetsite vum Liser ass aktuell exklusiv op Englesch.

Dernieft wier fir den Institut déi international Unerkennung ganz wichteg. Dofir hätt si d'Ambitioun, datt de Liser exzellent wier, seet d'Generaldirektesch. D'Kompetitivitéit vun engem Fuerschungsinstitut géif sech um "Output" moossen. Dat géif iwwert de renge Qualitéitsniveau vun eege Publikatiounen eraus goen. Qualitéit géif och heeschen, datt d'Recherche een Impakt op d'Gesellschaft huet.


Aline Muller - zur Persoun

Den 1. September 2016 huet d'Professesch fir Finanzen an Economie de Chefposten am Liser iwwerholl. Hire Virgänger Hilmar Schneider, war am Mäerz 2016 bei den "Institut zur Zukunft der Arbeit" op Bonn gewiesselt. D'Aline Muller ass Enseignante op den Universitéite vu Léck a Lëtzebuerg, an huet virdrun zu Nijmegen a Masstricht Coursë ginn. Tëscht 2010 a 2014 war si Member vum wëssenschaftleche Rot vum "Fonds national de la Recherche".