Radioen

On air

De Moien  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Et ass e Gefill vun Normalitéit"

Horesca

"Et ass e Gefill vun Normalitéit"

Zanter gëschter dierfe Restauranten a Caféen nees Clienten op hiren Terrassen ëmfänken. Vun e Freideg u kënne Leit dann och erëm bannen zerwéiert ginn. Fir déi sanitär Sécherheet ze garantéieren, mussen d'Betriber annerhallwe Meter Ofstand tëschent den Dëscher anhalen, an et dierfe just véier Leit un engem Dësch setzen, wa si net zesumme wunnen. D'Sécherheetsmesuren hunn d'Leit awer de Mëttwoch net ofgeschreckt, an d'Stater Terrasse waren um éischten Dag vun der Reouverture gutt gefëllt. D'Rahel Könen war fir eis op der Plaz.